Expert fir d’Lizenséierung vu Software an den Entreprisen

WeltSCHNEIDER IT MANAGEMENT

ass eng onofhängeg an international täteg Grupp vun Entreprisë mat Standuerten zu Lëtzebuerg an an Däitschland.

Mat eisem globale Partnernetzwierk si mir an der Lag, eis Clienten um internationale Maart ze ënnerstëtzen.

Entreprise-Software optimal lizenséieren

Mir si spezialiséiert op d’Berodung am Beräich Softwarelizenzen souwéi op d’Distributioun an d’Gestioun dovunner, a mir liwweren Iech déi korrekt Lizenzen am richtege Lizenzprogramm zu deene beschte Konditiounen.

MicrosoftMicrosoft

Mir sinn zertifizéirte Gold Microsoft Partner.

AdobeAdobe-Gold-Reseller

Mir sinn Adobe Gold Reseller a fir d’Berodung an d’Distributioun vun allen  Adobe Volumenlizenzprogrammer zertifizéiert:

OracleOracle-Gold-Partner-Frontpage

Mir sinn Oracle Gold Partner an Oracle Software License Reseller a mir reduzéieren Äere finanzielle Risiko duerch d’Optiméierung vun Äeren Oracle Investiounen.

Weider FournisseurenSoftware

Doriwwer eraus kënne mir Iech esou gutt wéi all Software, déi um fräie Maart disponibel ass, ubidden oder vermëttelen.

Eis Erfahrung

Mat méi wéi 20 Joer am IT-Management hu mir een ëmfaassend Wëssen iwwer d’Lizenséierung an den Asaz vu Softwareléisungen.

Eis Clienten

Mir ënnerstëtze grouss, multinational Entreprisen, mëttelstännesch Firmaën an Organisatiounen aus alle Beräicher, souwuel privat wéi och ëffentlech Entreprisen, an Institutiounen aus dem Educatiouns- a Bildungssecteur.

Eis Aarbechtsmethod

Bei eis steet de Client am Mëttelpunkt. Aus deër grousser Offer vu méigleche Lizenzoptiounen ermëttele mir ëmmer déi Szenarien, déi am beschten zu deene kommerziellen an technologeschen Zieler vun eise Clienten passen. Mat Hëllef vun detailléierte Simulatioune vergläiche mir déi verschidden Szenarien am Hibléck op alternativ Lizenzmodeller, Linzenzkonsolidéierung an d’Reduzéierung vun Äere Gesamtbetriebskäschte mateneen a fannen esou déi optimal Lizenzléisung fir Iech.

Mir ënnerstëtzen Iech derbäi, d’Softwarelizenzen an d’Avantagen aus Äere Lizenzkontrakter effizient ze notzen a souwuel Iwwer- wéi och Ënnerlizenséierung ze vermeiden.

Mir informéieren Iech zäitno, regelméisseg an ëmfaassend iwwer interessant Promotiounen, nei Produktversiounen a wichteg Ännerunge vu Lizenzkonditiounen.

Äer Plus-value

Mat dëser Kombinatioun aus IT-Management-Erfahrung an der Spezialiséierung op Softwarelizenséierung kënne mir Iech eng wiesentlechen Plus-value bidden: Softwarelizenséierung op Mooss fir Äer Entreprise!

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch