Adobe Volumen-Lizenséierung

Mat Adobe Volume Licensing (AVL) kënnt Dir d’Commande an d’Gestioun vu Lizenze vereinfachen a gläichzäiteg vun intressante Vergënschtegunge profitéieren.

Adobe Cumulative License Program (CLP)

Mam CLP kënne kleng, mëttelstänneg a grouss Entreprisen an Organisatiounen zwee Joer laang vun intressante Vergënschtegunge beim Kaf vun Adobe Software profitéieren an d’Gestioun vun deene kaftene Lizenzen vereinfachen.

méi Informatiounen…

Adobe Transactional License Program (TLP)

Mam TLP spuert Dir Zäit a Ressourcen. Dee Programm ass ideal fir kleng Entreprisen, déi sech net an engem Kontrakt bannen a sech net fir zousätzlech Commanden engagéiere wëllen.

méi Informatiounen…

Adobe Value Incentive Plan (VIP)

De Value Incentive Plan (VIP) ass ee Lizenzprogramm am Kader vun Adobe Volume Licensing (AVL). Iwwer VIP kënnt Dir disponibel Adobe-Produkter am Abonnement bezéien, direkt eroflueden an implementéieren. Bei dësem Programm gëtt et kee minimale Chiffer. VIP offréiert eng Gestiounsconsole, iwwer déi Dir all Lizenzen an Äerer ganzer Organisatioun komfortabel verwalte kënnt.

méi Informatiounen…

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch