Microsoft Enterprise

Microsoft Lizenz-Kontrakter fïr Organisatiounen mat méi wéi 250 Aarbechtsplaazen

Microsoft Enterprise Agreement

Den Enterprise Agreement ënnerstëtzt Entreprisen, déi méi wéi 250/500 PCën am Asaatz hunn an déi d’Lizenséierung vun hirem Microsoft-Softwaretechnologie-Besoin erliichteren an optiméiere wëllen. Dir kritt eng flexibel Kontraktgestaltung offréiert, bei deër Dir och déi klassesch Microsoft-Softwarelizenséierung mat der Plus-value vun enger Cloud-Computing-Léisung kombinéiere kënnt.

Microsoft Enterprise Subscription Agreement

Dëse Programm bidd Iech d’Virdeeler vun engem Enterprise Agreement, andeems Dir d’Software lount, amplaaz se ze kafen. Ausserdem hutt Dir d’Méiglechkeet, bannent der Lafzäit d’Zuel vun de Lizenzen net nëmme flexibel eropzesetzen, mee och ze reduzéieren.

Microsoft Select Plus

Dëse Programm ass ze recommandéiere fir Organisatiounen mat 250 oder méi Desktop-PCën, déi vun der Flexibilitéit bei der Beschaafung profitéieren a gläichzäiteg de Käschtevirdeel vun enger Volumenreduktioun notze wëllen.

Notzt déi onbegrenzte Lafzäit vum Kontrakt, an Dir hutt esou ëmmer eng kontraktuell Basis, fir Äer Software-Besoinën ze erfëllen. Doriwwer eraus hutt Dir d’Option, Iech fir Lizenzen ouni oder mat Software Assurance ze entscheeden.

Select Plus ass nët méi fir d’kommerziell Clientèle disponibel.

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch