Microsoft Lizenséierung fir Institutioune vum akademesche Secteur an Educatiounssecteur

Microsoft Open License for Academic

Eng enfach a käschtegënschteg Léisung fir Institutioune vum Edcuatiounssecteur mat maximal 5 Computeren, déi Microsoft-Software lizenséiere wëllen. Dir bestellt einfach d’Unzuel vu Lizenzen, déi Dir braucht, duerch een Authorized Education Reseller. Software Assurance a physesch Installatiounsmedie si géint Bezuelen vun engem Supplément disponibel.

Microsoft Select License for Academic

En transactionnelle Programm fir Organisatioune mat gemëschte Software-Ufuerderungen an der Méiglechkeet, hire Besoin u Lizenzen fir déi nächst 3 Joer ze plangen. Recommandéiert fir mëttelgrouss Institutiounen vum Educationssecteur.

Microsoft Select Plus for Academic

Kaft Softwarelizenzen a Servicer fir eenzel Departementer oder schreiwt Iech als eng eenzeg Organisatioun an a profitéiert vu Volumen-Avantagen. De Kontrakt leeft net aus a bidd d’Option vu 36 Méint Software Assurance. Recommandéiert fir mëttelgrouss a grouss Institutioune vum Educationssecteur.

Microsoft Enrollment for Education SolutionsMicrosoft Enrollment for Education Solutions (EES)

Den Enrollment for Education Solutions (EES) ass disponibel fir d’Grondschoul and den Enseignement secondaire wéi och fir Héichschoulen a bidd d’Méiglechkeet, d’Persounen amplaaz vun den Apparater ze zielen, an d’Flexibilitéit, souvill zousätzlech Produkter ze erstoën, wéi ee brauch.

Microsoft School Agreement

De Microsoft School Agreement ass geduecht fir all Cyclen vun der Grondschoul a fir den Enseignement secondaire an erlaabt Iech, all Produkter fir Äer ganz Institutioun ze lizenséieren an all Produkt an deër Quantitéit ze bestellen, déi der annueller Zuel vun Äere PCën oder aneren Apparaten entsprécht.

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch