Microsoft Open

Microsoft Volumen-Lizenséierung fir kleng a mëttelgrouss Organisatiounen

Microsoft Open Value

Microsoft Open Value ass dee recommandéierte Programm, wann Dir eng kleng oder mëttelgrouss Organisatioun sidd mat 5 oder méi Desktop-PCën a wann Dir d’ Gestioun vun Äere Lizenzen vereinfachen,  Äer Software-Käschte besser iwwerblécken an Äer Investissementer besser kontrolléiere wëllt. De Programm enthält Software Assurance a bidd Iech doduerch Zougang zu wertvollen Avantagen wéi Training, Plange vun der Verdeelung a vum Asaz vun der Software, Software-Upgraden a Produkt-Support, déi Iech hëllefen, d’Produktivitéit vun Äerer ganzer Organisatioun eropzesetzen.

Microsoft Open Value Company-wide

Wann Dir wëlles hutt, Iech op Microsoft Softwaretechnologie ze standardiséieren, da kënnt Dir nach besser Konditioune kréien mat Microsoft Open Value Company-wide.

Microsoft Open Value Subscription

Microsoft Open Value Subscription bidd Iech déi niddregst Virlaafkäschte vun all Open-Program-Optioune mat der Flexibilitéit, d’Käschte vun der Lizenséierung ze reduzéieren, wann d’Unzuel vun Desktop-PCën erofgeet. Dir hutt och d’Méiglechkeet, d’Optioun Single-Platform bei een Open-Value-Susbcription-Agreement bäizesetzen.

Microsoft Open License

Microsoft Open License ass ee gudde Choix, wann Dir eng gesellschaftlech, akademesch, karitativ oder gouvernemental Organisatioun sidd, déi je no Bedarf bezuele wëllt. Dir braucht eng initial Commande vu minimum 5 Software-Lizenzen fir een Open License Agreement, mee Dir kënnt duerch Open License bannent der Lafzäit vun 2 Joer zu all Moment zousätzlech all gewënschte Quantitéit vu lizenséierte Produkter kafen.

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch