Microsoft Products and Services Agreement

Mat dem Microsoft Products & Services Agreement (MPSA) huet Microsoft d´Méiglechkeeten fir d´Beschafung vu Volumenlizenzen iwwerschafft. An Zusammenarbecht mat Lizenzpartner a Clientën gouf ee Lizenprogramm entwéckelt, deen déi transaktionell Beschafung vu Softwarelizenzen an Online-Servicer an engem Kontrakt zesummefaasst an dësen och nach vis-à-vis vun deene bis elo gewinnten Kontrakten immens vereinfacht.

Mat dem Microsoft Products & Services Agreement ginn d´Konditiounen vum Microsoft Select-Plus-Kontrakt fir d‘Bedarfsbeschafung vu Softwarelizenzen, vum Microsoft Online Subscription Agreement (MOSA) fir d‘Beschafung vun Online-Servicer souwéi vum Microsoft Business & Services Agreement (MBSA) fir déi allgemeng Geschäftsbedingungen an engem Dokument zesummegefouert a gläichzäiteg de Volume vum Kontraktinhalt däitlech reduzéiert.

Duerch des Neierung spuert Dir Iech d´Liesen an d´Préifen vu ville Säiten vun deenen dräi bis elo gewinnten Kontraktdokumenter. Fir Entreprisen mat 250 oder méi Uwender as den MPSA déi bescht Optioun fir transaktionell Keef vu Microsoft-Produkter an Online-Servicer.

D´Caracteristiquen vum MPSA:

  • Den MPSA ass een zäitlech onbegrenzten, weltwäiten Volumenlizenkontrakt. De Cliënt kritt domatt eng dauerhaft kontraktuell Basis, fir säi Bedarf u Microsoft-Technologie ze decken, onofhängeg dovunner, ob als Software fir de Eegebetriib oder als Cloud-Léisung.
  • Purchasing Accounts bidden Iech eng optimal Upassung un Äer Akaafsstratgie.
  • Die bescht Präisser duerch d`Konsolidéierung vun alle Commanden vun Online-Servicer a Software.Eng wichteg Caracteristique vum MPSA-Kontrakt ass d´Recht vun der Sublizenséierung u verbonnen Entreprisen.Verbonnen Entreprisen, déi als Purchasing Account ënnert dem MPSA registréiert sinn, si berechtegt, hir Lizenzen un aaner verbonnen Entreprisen ze sublizenséieren.

Alleguer déi mat Äerer Entreprise verbonne Gesellschaften weltwäit kënnen un engem MPSA-Kontrakt deelhuelen. D´Beschafung geschitt iwwert sougenannt Purchasing Accounts, déi Dir selwer definéiert. Purchasing Accounts kënnt Dir fir juristesch Persounen opsetzen, awer och fir eenzel Organisatiounseenheeten wéi z.B. Départementer oder Projektgruppen. Des nei Optioun erlaabt Iech, Äere Lizenzkontrakt un d‘Akaafsstruktur vun Äerer Entreprise unzepassen, sief se zentral oder dezentral ugeluegt.

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch