SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2021-01-06 Website Adobe Logo 700x394

Adobe

Präisgekréinte Softwareléisunge fir jiddfereen.

Profitéiert vu kreativen Applikatiounen iwwer PDF-Léisunge bis zu Marketing- an Distributiounsintrumenter. Transforméiert Är Entreprise mat deene beschte Léisungen um Maart.

Adobe Creative Cloud

Adobe Creative Cloud

Sidd kreativ.

Adobe Creative Cloud proposéiert Apps, Webdéngschter a Ressource fir all Är kreativ Projeten – Fotografie, Grafikdesign, Videobeaarbechtung, UX-Design, Zeechnen a Molen, sozial Medien an nach méi. Stellt Iech Ären eegene Plang mat eenzelnen App-Abonnementer zesummen oder abonnéiert de Creative Cloud All-Apps-Plang.

Adobe Acrobat

Adobe Acrobat

Acceleréiert Ären Aarbechtsfloss.

Erstellt, beaarbecht a préift PDFs. Ënnerschreift Dokumenter elektronesch an huelt Ënnerschrëften an. Schafft mat Ärem Team zesummen. Alles an enger Applikatioun.

Mat Acrobat huet Adobe eng weltwäit acceptéiert Plattform fir deen einfachen a sécheren Dokumentenaustausch geschafen.

Adobe Experience Cloud

Adobe Experience Cloud

Offréiert dem Client eng groussarteg Experienz.

Meeschtert Ufuerderungen vun Abléck an Donneeën bis zu Content-Management, Marketing-Workflows an nach méi. Hëlleft Ärer Entreprise, personaliséiert Experienzen fir all eenzelne Client ze schaafen.

Partner

Mir sinn Ären éischte Choix fir all Adobe Software.

Mir sinn den Nr. 1 Adobe Gold Reseller zu Lëtzebuerg a si spezialiséiert op Adobe Volumelizenzen. Mir kënnen Iech all Adobe-Software an allen Adobe-Lizenzprogrammer zur Verfügung stellen.

No. 0
Adobe Partner zu Lëtzebuerg

Lizenzéierung

Gitt dee Beschten am Spueren.

Mat de Lizenzprogrammer vun Adobe kënnt Dir däitlech Aspuerungen bei Adobe-Software maachen, wann Dir méi wéi eng Lizenz beienee kaft. Egal fir wat fir ee Programm Dir Iech decidéiert: wat Dir méi bestellt, wat Dir méi spuere kënnt.

Adobe Value Incentive Plan (VIP)

Sidd ee VIP.

Den Adobe Value Incentive Plan (VIP) ass een abonnementsbaséierte Lizenzéierungsprogramm mat Lafzäitoptiounen a verschiddene Präisniveauën. Adobe VIP erliichtert et Entreprisen, edukativen Ariichtungen an Administratiounen, Adobe-Produkter ze kafen, bereetzestellen an ze geréieren.

  • Lizenzéierung: Lizenzen am Abonnement mat variabler Lafzäit a méiglechen zousätzleche Remisen
  • Längt vun der Lafzäit: 1-3 Joer
  • Mengerabatt: Mat VIP Select kënnt Dir 10 oder méi Lizenze beienee kafen a kritt eng festgeluegte Rabattstuf op alles, wat Dir duerno, bannent der Lafzäit, kaft. Beim Kaf vu 50 oder 100 Lizenze kënnt Dir Iech fir nach méi héich Rabattstufe qualifizéieren
  • Disponibel Produkter: Creative Cloud for Teams, Creative Cloud for Enterprise, Adobe Acrobat an nach méi
  • Lizenzverwaltung: een Online-Tool (Admin Console) fir déi einfach Gestioun vu Lizenzen an Uwenderen a fir d‘Bereetstellung
  • Virdeeler vun Adobe VIP:
    • Niddreg Ufankskäschten ouni minimal Bestellung
    • Mat Adobe VIP kënnt Dir disponibel Adobe-Produkter direkt eroflueden a bereetstellen
    • Zougrëff op déi neiste Funktiounen, soubal se disponibel sinn, ouni dass Dir op Upgrade-Cycle waarde musst

Adobe Enterprise Term License Agreement (ETLA)

Séchert Iech grouss Remise fir grouss Organisatiounen.

Den Adobe Enterprise Term Licensing Agreement (ETLA) ass een 3-Jores-Kontrakt mat Cloud- und Desktop-Offeren, dee fir grouss Entreprisen mat verhandelbare Remise konzipéiert ass.

  • Lizenzéierung: zäitlech limitéiert Lizenzéierung am Kader vun engem Kontrakt mat einer Lafzäit vun 3 Joer
  • Längt vun der Lafzäit: 3 Joer
  • Mengerabatt: individuell op Basis vun enger ausgehandelter Konventioun
  • Disponibel Produkter: Adobe Creative Cloud for Enterprise, Adobe Document Cloud an nach méi
  • Lizenzverwaltung: een Online-Tool (Admin Console) fir déi einfach Gestioun vu Lizenzen an Uwenderen a fir d‘Bereetstellung
  • Virdeeler vun Adobe ETLA:
    • Previsibel Budgetéierung fir 3 Joer: soubal de Bedarf u Software-Abonnementer definéiert ass, bezuelt Dir dräi Joer hannereneen dee selwechte Montant op engem festgeluegten Dag
    • Mat Adobe ETLA kënnt Dir disponibel Adobe-Produkter direkt eroflueden a bereetstellen
    • Zougrëff op déi neiste Funktiounen, soubal se disponibel sinn, ouni dass Dir op Upgrade-Cycle waarde musst

Adobe Cumulative License Program (CLP)

Spuert séier an einfach.

Den Adobe Cumulative License Program (CLP) ass ee Memberprogramm mat enger Lafzäit vun 2 Joer, deen Iech massiv Aspuerungen bei Adobe-Volumelizenzen bitt.

  • Lizenzéierung: Kaf vu permanente Lizenzen am Kader vun engem Zweejoreskontrakt
  • Längt vun der Lafzäit: 2 Joer
  • Mengerabatt: Kumulativ disponibel. Fir all Commanden bannent der Lafzäit sammelt Dir Punkten, déi Iech méi héich Remise bréngen. Schwëster- an Duechtergesellschaften weltwäit kënnen déi selwecht Remise kréien an zu Ärem Punktekont bäidroen.
  • Disponibel Produkter: ee grousse Choix vun Desktop-Produkter
  • Lizenzverwaltung: Bereetstellung a Gestioun iwwert d‘Adobe Licensing Website (LWS)
  • Virdeeler vum Adobe CLP:
    • Massiv Aspuerungen
    • Séier an einfach Commande
    • Gënschteg Verlängerungskonditiounen
    • Optiméiert Lizenzéierungsverwaltung an -opzeechnung

Adobe Transactional License Program (TLP)

Bestellt ouni Kontrakt. Alles op enger Plaz.

Mat dem Adobe Transactional License Program (TLP) kann Är Organisatioun mat engem einfache Kaf vun de Virdeeler vun enger Remise op d’Quantitéit profitéieren.

  • Lizenzéierung: Kaf vu permanente Lizenzen duerch den Eenzelkaf vun Desktop-Produkter ouni Kontrakt
  • Längt vun der Lafzäit: keng
  • Mengerabatt: keen, awer gespuerten Zäit duerch Lizenzmanagement
  • Disponibel Produkter: ee grousse Choix vun Desktop-Produkter
  • Lizenzverwaltung: Bereetstellung a Gestioun iwwer d‘Adobe Licensing Website (LWS)
  • Virdeeler vum Adobe TLP:
    • Kee Kontrakt ass ze ënnerschreiwen oder auszehandelen
    • Keng Minimalcommande ass erfuerdert
    • Eng zentral Plaz, fir den Iwwerbléck iwwert Är lizenzéiert Adobe-Software ze behalen

Kontakt

Séchert Iech all Adobe Software nach haut.
Kontaktéiert ons!

Prett fir deen nächste Schrëtt?