AnyDesk

AnyDesk ass eng Software entwéckelt vun Anydesk Software GmbH, déi Iech erlaabt Computerstatiounen op Distanz ze kontrolléieren. Typesch Fäll fir d’Uwendung von der Software kënne sinn: een Netzwierk-Administrateur, deen een oder méi Computeren vu senger eegener Arbechtsplaz aus usteiere wëllt, fir Updates anzespillen oder d’Systemastellungen unzepassen, oder ee Matarbechter, dee vun doheem aus op säin Arbechtscomputer am Büro zougräife wëllt. Ausserdem kann AnyDesk och fir d’Ecran-Iwwerdroung benotzt ginn, z.B. fir am Kader vun engem Webinar e puer Persoune gläichzäiteg d’Schaffen mat enger bestëmmter Software ze weisen.

AnyDesk Software zeechent sech besonnesch duerch seng kuerz Reaktiounszäit aus. Je no System an Zort vu Connectioun kann dës nëmmen zwielef Millisekonne laang sinn – eng Verzögerung, déi fir mënschlech Aën och dann net ze gesinn ass, wann déi zwéi Computeren niewentenee stinn.

Deen onerwënschten Zougrëff op Äere Computer verhënnert AnyDesk mat der Sécherheetstechnologie TLS1.2, déi och beim Online-Banking agesat gëtt. All Verbindungen ginn doriwwerereraus mat Public-/Private Key Exchange verschlësselt, an d’Serveuren vun AnyDesk setze fir déi gréißtméiglech Zouverlässegkeet op „Erlang“, eng Technologie, déi speziell fir grouss an ausfallsécher  Telekommunikationsnetzer entworf gouf.

Gegrënnt am Joer 2014, huet AnyDesk Software GmbH säi Sëtz zu Stuttgart, Däitschland.

Fir méi iwwer AnyDesk Software gewuer ze ginn, besicht w.e.g d‘ Website: https://anydesk.com/remote-desktop.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2