KingswaySoft

KingswaySoft ass e féierende Fournisseur vun Datenintegratiounsléisungen déi SQL Server-baséiert Datenintegratioun & Migratioun an Echtzäit Integratioun ubidden.

KingswaySoft ass spezialiséiert op d’Produktioun vun héichwäertegen a käschtegënschtegen Integratiounsléisungen, déi einfach unzewende sinn. Organisatiounen an iwwer 40 Länner verloossen sech op d’Datenintegratiouns-Léisunge vu KingswaySoft.

KingswaySoft leet immens grousse Wäert op d’Kalitéit vu sénger Software an op de Succès vu sénge Clienten. Bei den Entwécklungsprozesser steet de Client am Mëttelpunkt, a KingswaySoft schafft zënter jehier ganz enk mat sénge Clienten zesummen, fir genee dat liwweren ze kënnen, wat de Clienten dee gréisstméigleche  Virdeel bréngt. Zousätzlech garantéiert KingswaySoft eng ganz séier Reaktioun vu senge Support-Servicer, fir d’Clienten esou gutt wéi méiglech bei der Uwendung vun de Produkter ze ënnerstëtzen.

D’Mataarbechter vu KingswaySoft sinn der Meenung, dass professionnell Software einfach ze léieren an ze benotze soll sinn, dass d’Aarbecht domatt agréabel soll sinn an dass se intuitive genuch soll sinn, fir de Client an séngem Bestriewen  no Produktivitéit an Erfolleg ze ënnerstëtzen.

Eng laangjähreg Erfahrung an der Entwécklung erméiglecht et KingswaySoft, Iech héichwäerteg Softwareprodukter unzebidden, op déi Dir Iech ouni Suerg verloosse kënnt.

Am Moment steet d’Bereetstellung vu käschtegënschtegen Datenintegratiouns-Bibliothéike fir Microsoft SQL Server Integration Services (SSIS) am Fokus:

Gegrënnt am 2011, huet KingswaySoft säi Sëtz zu Oakville, Ontario, Kanada.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2