McAfee

Profil vun der Entreprise

McAfee liwwert weltwäit präventiv, bewährt Léisungen a Servicer, mat deene sech Systemer an Netzwierker séchere loossen, a protégéiert domatt privat Benotzer an Entreprisen vun alle Gréissten virun deër aktuellster Malware an neien Online-Menacen. D’Léisungen vu McAfee sinn esou ausgeluecht, dass si zesummeschaffen, a kombinéieren Malware-, Spyware- a Vireschutz mat Funktiounen zum Sécherheets-Management, déi oniwwertraffen Echzäit-Transparenz an -Analys liwweren, Risike reduzéieren, Compliance sécherstellen an d’Entreprisen beim Erreechen vun operativer Effizienz ënnerstëtzen.

Mat der Ënnerstëtzung vun engem präisgekréinte Fuerschungsteam maachen d’Sécherheetstechnologien vun McAfee vun eenzegaartegen Capacitéite zur Viraussicht Gebrauch. Si baséieren sech op McAfee Global Threat Intelligence an erméiglechen et den Entreprisen, bei Online-Menacen ëmmer ee Schrack viraus ze sinn.

Produktprofil

De Portefeuille vu McAfee ass opgedeelt an d’Beräicher System- an Netzwierkschutz.

D’Systemschutz-Produkter erméiglechen den IT-Manageren, den Desktop-Support Manageren an de Business Application Manageren, d’Disponibilitéit an d’Sécherheet vun Desktop- a Serversystemer an Applikatiounen ze garantéieren.

D’Netzwierkschutz-Produkter sécheren d’Disponibilitéit vun der Netzwierkinfrastruktur vun Standuerter a Succursalen, déi méi wäit ewech leien, iwwert d’Wäitverkéiersnetz (WAN) bis zur Sécherung vu ganzen Datenzenteren.

D’Sécherheetsprodukter a -servicer vu McAfee ëmfaassen folgend Beräicher:

  • Dateschutz
  • Datebanksécherheet
  • E-Mail- a Web-Sécherheet
  • Endgeräter-Schutz
  • Mobilgeräter-Schutz
  • Netzwierksécherheet
  • Risiken a Compliance
  • Security-as-a-Service (Sécherheets-SaaS)
  • Sécherheets-Management
  • Sécherheets-Informatiouns- an Ereegnes-Management (SIEM).

Gegrënnt am Joer 1987, huet d’McAfee Corporation säi Sëtz zu Santa Clara, Kalifornien.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2