Volumen-Lizenséierung

Check

Volumenlizenséierung ass fir eng Organisatioun oder Entreprise eng einfach a gënschteg Method, fir Software ze kafen an op ville verschiddenenen Apparater anzesetzen.

Et ass eng flexibel an economesch Léisung, fir Software-Lizenzen ze erstoën – vun enger Handvoll bis zu e puer dausend – a bidd eng grouss Unzuel vu Optioune, wat d’Bezuele betrëfft.

Mat engem Volumenlizenzprogramm spuert Dir vill Suën am Verglach zum Kaf vun engem  Full-Packaged Product (Boxed software), well Dir “en bloc” bestellt a well Medien (CD-ROM oder DVD), Gebrauchsanweisungen an aner Artikelen ewechfaalen, déi eng Organisatioun normalerweis net a grousser Unzuel brauch.

Am Kader vun enger Volumenlizenséierung kënnt Dir d’Lizenze fir e puer oder fir all Äer ugeschlosse Gesellschafte kafen an Äer Lizenzkäschte reduzéieren. Volumenlizenséierung hëlleft Iech, d’Acquisitioun  an d’Gestioun vun Äerer Software ze vereinfachen.

Dir kënnt d’Software einfach eroflueden oder zousätzlech Volumenlizenséierungs-Medië kafen.

Virdeeler vun der Volumenlizenséierung:

  • Reduzéiert Käschten:
    Reduzéiert déi direkt Käschten duerch Volumenlizenséierungs-Remisen an déi indirekt  Käschten duerch eng vereinfacht Gestioun vun Äere Lizenzen
  • Einfach Gestioun vun de Lizenzen:
    Een eenzegen zentrale Kontrakt fir méi Transparenz an der Gestioun vun de Lizenzen
  • Flexibilitéit:
    Bei der Volumenlizenséierung kënnt Dir tëschent verschiddene flexible Lizenzmodeller wielen, z.B. mat Paiement op de Mount oder Locatioun
  • Efficace Installatioun a Verdeelung:
    Dir braucht kee separate Software-Medium oder Lizenzcode fir all eenzel PC-Arbechtsplaz
  • Einfach Commande:
    Dir kënnt zousätzlech Lizenzen am selwechte Kontrakt bestellen a braucht kee separate Kontrakt fir eng nei Commande.

Text in Englesch, Däitsch, Franséisch