SCHNEIDER IT MANAGEMENT

ass Ären éischte Choix fir Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner.

Mir sinn d’Experten fir Lizenséierung, liwweren Iech all Software, déi um fräie Maart disponibel ass, a géréieren Äre Software-Portefeuille.

Mat eiser exceptionneller globaler Lizenséierungsexpertise bidde mir iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzprogramm an zu deene beschte Konditiounen.

Mir beroden Iech onofhängeg, a mat eise Managed Services kritt Dir e besseren Abléck an Är Software-Notzung an den Asaaz vun Online Services, fir Käschten ze reduzéieren an Zäit ze spueren.

Eis Clienten

Mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg ënnerstëtze mit grouss multinational Konzerner a mëttelstännesch Entreprisen aus alle Branchen an Europa a weltwäit.

Mir sinn houfreg drop, d’Lëtzebuerger Regierung an hir Ministèren, ëffentlech Verwaltungen, Gemengen an Organisatiounen an de Beräicher Gesondheetswiesen, Transport, Finanzen a Kommunikatioun ze ënnerstëtzen.

Eis Wäerter

Mir hunn eng Méthodologie, déi sech um Client orientéiert. Aus deene ville méiglechen Lizenséierungsoptiounen fanne mir ëmmer déi bescht Szenarien fir Är finanziell, technologesch a strategesch Ziler.

Mat eisen detailléierten Simulatioune fir alternativ Lizenséierungsmodeller, Lizenkonsolidéierung an Aspuerungen bei de finale Käschten fanne mir déi optimal Lizenséierungsléisung fir Iech.

Eist Team

Eist zentralt Team vun héichqualifizéierten Experten zu Lëtzebuerg weist zesummen iwwer 100 Joer Erfahrung op an de Beräicher Software-Lizenséierung an Online Services.
Zousätzlech zu eisem Team zu Lëtzebuerg hu mir och lokal Beroder an der Belsch an an Däitschland.

Mir schwätzen net nëmmen Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Polnesch an Hollännesch, mee och Kloertext iwwer Lizenséierung, fir dass Dir déi richteg Entscheedungen treffe kënnt, wann et ëm Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner geet.

Als “Entreprise Formatrice” si mir déi éischt Firma zu Lëtzebuerg, déi de Beruff “Kaufmann/-frau für Digitalisierungsmanagement” ausbildt.

Méi iwwer eist Team

Microsoft

Microsoft Software Advisor fir Enterprise Agreements (EA)

Mir sinn d’Nr. 1 vun de Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg an deen éischte Choix als Software Advisor fir Äert Microsoft Enterprise Agreement (EA).

Mir sinn deen éischte Microsoft Licensing Solution Provider (LSP) mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg a betreien Honnerte vun Entreprise Enrollments am kommerzielle Beräich a fir staatlech Institutiounen mat villen 100.000 Uwender weltwäit.

Am Kader vun eisen Déngschtleeschtungen als Äre Software Advosor bidde mir éischtklasseg Lizenséierungberodung an onbegrenzt Optiméierungssimulatiounen a ginn Iech kompetent Äentwerten op all Är Lizenzfroen.

Mir sinn dee Microsoft Partner zu Lëtzebuerg mat deenen am beschten ausgebildten Lizenzexperten a kennen d’Microsoft-Lizenzkonditiounen, déi sech stänneg änneren, wéi och de Maart.

Microsoft Online Services & Software Distributioun

Mir sinn Ären éischte Choix fir all Microsoft-Lizenprogrammer. Mat eisem eenzegaartegen Usaaz fir d’Lizenzoptiméierung vergläiche mir all disponibel Optiounen, fir Iech déi bescht Kombinatioun aus Online Services a Software ze bidden, déi genee op Är Ufuerderungen zougeschnidden ass.

Well mir direkt vu Microsoft bezéien, kënne mir zu virdeelhafte Konditioune weiderverkaafen.

Microsoft Azure

Mir sinn d’Experten fir Azure-Käschtenoptiméierung. Eis zertifizéiert Azure-Experten optiméieren Äre Microsoft-Azure-Environnement, fir dass Dir dee beschte Notzen aus Ären Azure-Servicer kritt.

Méi zu Microsoft

Multivendor

Déi meescht Entreprisen notze Standard-Software wéi Microsoft 365 a verfollegen zousätzlech eng Multivendor-Strategie mat aanere Software-Produzenten, fir hir ganz spezifesch Online Services a Software Ufuerderungen ze erfëllen.

Mir decken alles of: Microsoft- a Multivendor-Berodung an Distributioun vun Online Services a Software- Lizenzen.

Méi iwwer Multivendor

Software

Mir versuergen Iech mat allen Online Services a jiddfer um fräie Maart disponibler Software.

Joer fir Joer liwwere mir eise Clienten zouverlässeg Honnerte vu verschiddene Software-Produkter aus internationale Quellen.

Méi iwwer Software

Managed Software Asset Management (SAM) Services

Mat eise Managed SAM Services geréiere mir Äre Software-Portefeuille transparent. Eisen erproufte  SAM Framework verbënnt organisatoresch, technologesch a kontraktuell Aspekter an engem integréierten Usaaz.

Mat eisen éischtklassegen All-inclusive Managed SAM Services wäert Dir

  • Zäit spueren, well mir Iech vun der Gestioun vun Ärem Software-Portefeuille entlaaschten, fir dass Dir Iech op Ärt Haaptgeschäft konzentréiere kënnt
  • Sue spueren duerch d‘Optiméierung vun Ärem Total Cost of Ownership an déi effizient Gestioun vun Ären Online Services a Software-Lizenzen
  • voll Transparenz a Kontroll iwwer Är Software an Online Services Assets gewannen.

Méi iwwer eis Managed SAM Services

SCHNEIDER IT MANAGEMENT Update

De SCHNEIDER IT MANAGEMENT Update informéiert Iech iwwer déi aktuell Neiegkeete vun deene grousse Software-Produzenten. Mir wielen de Contenu opmierksam aus, fir Iech déi beschtméiglech Plus-value ze bidden. Dir kritt Informatiounen iwwer nei Software an Online Services souwéi iwwer wesentlech Ännerunge vun de Lizenzkonditiounen. Dir profitéiert vu relevante Promotionen an Neiegkeeten ronderëm eis Entreprise an eis Déngschtleeschtungen.

Abonnéiert elo de SCHNEIDER IT MANAGEMENT Update

Carrières

Mir si bereet, eist diversifiéiert, internationalt Team vun Experten ze vergréisseren.

Mir sinn dervun iwwerzeegt, dass eis Entreprise sech nëmmen esou séier an esou gutt entwéckele kann, wéi d’Mënschen an eiser Entreprise sech selwer entwéckelen. Duerfir kritt Dir bei eis vill Raum, fir Är Stäerkten, Är Kompetenzen an Är Fähegkeeten anzesetzen. Dir fannt Iech geene op deër Plaz erëm, op deër Dir Är Stäerkten an Intérêten abréngen an zum Erfolleg vun eise Cliente bäidroe kënnt. Op dës Aart a Weis verbessere mir kontinuéierlech eis Leeschtungsfähegkeet a kënnen eis éischtklasseg Reputatioun oprechterhalen.

Besicht eis Carrièresäit fir weider Informatiounen

Text in Englesch Däitsch Franséisch