Karriär

Gitt Deel vun eppes Groussem.

Gitt een Deel vun deem Team, deen et den Organisatiounen erméiglecht, perfekt ze funktionnéieren. Entwéckelt Är Kompetenzen a genéisst Är Zäit an engem agréablen Aarbechtsëmfeld.

Är Karriär

Mir si bereet, eist diversifiéiert, internationalt Team ze vergréisseren.

Entfaalt Ärt Potentzial.

Mir wëssen, dass eis Entreprise sech nëmmen esou séier an esou gutt entwéckelt, wéi d’Menschen an eiser Entreprise sech entwéckelen. Bei eis fannt Dir duerfir vill Raum, fir Äer Stäerkten an Intressiën anzesetzen. Mir setzen eis Matarbechter genee do an, wou si dës Stäerkten an Intressiën entfalen an an eis Firma abrénge kënnen. Sou verbessere mir kontinuéierlech eis Leeschtungsfähegkeet a ginn eiser éischtklasseger Reputatioun och an Zukunft gerecht. 

two Inside Sales Representatives sitting at a desk

An der Cloud gebueren.

Mir bidden eise Matarbechter een agreabelt Arbechtsëmfeld mat beschten Arbechtsmëttelen, flexiblen Arbechtszäiten a feste Kontrakter. Well eis d’Gesondheet vun eise Matarbechter ganz wichteg ass, ass all Arbechtsplaz an eise moderne Büroën ergonomesch konzipéiert. Ee Büro ouni Pabaier an ëmweltfrëndlech Déngschtautoën ware vun Ufank un fir eis selbstverständlech.

Man in suit checking his tablet

Dee ganze Pak.

Mir stelle gratis Gedénks an Uebst zur Verfügung, finanzéieren an ënnerstëtzen d’Memberschaft am Fitnessstudio an heesche jiddferee wëllkomm, deen sech eis bei Firmeleef uschléisst. Ofgeronnt gëtt dëse Package mat regelmässege Geschäftsiessen, Betriebsausflich an Events.

two employees listening

Nei

Game Room

Gitt een Deel vun eisem exzellenten Team!

Wielt fir Ären Apprentissage déi bescht Entreprise.

Eis grenziwwerschreitend Ausbildung (prakteschen Deel zu Gréiwemaacher, Berufsschoul zu Bitburg) ass déi bescht Aart a Weis fir jonk Talenter, hire Wee an de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze fannen an essentiell Kompetenzen ze entwéckelen. Mir hëllefen Iech, Äre volle Potenzial ze erreechen, sou wéi mir dat beim Leon gemaach hunn. De Leon, eisen ehemolegen Auszubildenden, ass vun der IHK Tréier als beschten Apprenti ausgezeechent ginn, a mir sinn houfreg, dass hien no senger Ausbildung elo Account Manager Licensing bei eis ass. Hien ass a war och virdrun e wertvolle Member vun eiser Aarbechtsfamill. Mellt iech nach haut fir Är Ausbildung an eiser Entreprise an erreecht och Dir Äre volle Potenzial.

IHK Certificate; best apprenticeship company
Contact Picture Leon

Oppe Positiounen

Mir hu momentan keng oppen Aarbechtsplazen.

Recrutement-Prozess

Recrutement-
Prozess

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-06 Graphics Azubi Landingpage Step 1

Demande

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-04 Graphics Recruitment Azubi Boy writing email copy

Dir schéckt eis Är Demande. Déi enthält:

  • ee Motivatiouns-Schreiwes
  • ee Liewenslaf a Form vun enger Tabell mat enger Foto
  • Informatiounen iwwert Är Sproochekompetenzen
  • Kopiën vun Äre Certificater
  • Är Erwaardung vum Bruttojoresakommes
  • ee méiglech Ufanksdatum

Dat soll alles an engem eenzege, koherente PDF zesummegefaasst sinn.

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-06 Graphics Azubi Landingpage Step 2

Evaluatioun

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2021-12-22 Graphics Office People 029 progressive copy

Mir préifen d’Demanden no verschiddene Critèren.

Tip: Dir kënnt Iech Virdeeler verschaafen, wann Dir all Dokumenter komplett souwéi an engem eenzege PDF schéckt.

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-06 Graphics Azubi Landingpage Step 3

Interview

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-04 Graphics Recruitment Azubi high five copy

Mir invitéieren Iech, fir dass mir eis géigesäiteg kenneléiere kënnen.

Mir stellen Iech allgemeng an och perséinlech Froen souwéi Froen zum Thema Verkaf an IT.

Dir kritt ee kuerzen Text op Englesch ze liesen an ze iwwersetzen.

Mir stellen Iech d’Entreprise vir an alles, wat mir offréieren.

Duerno huele mir eis Zäit fir Är Froen.

Selectioun

SCHNEIDER IT MANAGEMENT 2022-12-04 Graphics Recruitment Azubi Boy happy laptop

Dir hutt et gepackt!

Dir gitt een Deel vun eisem exzellenten Team!

Mir freeën eis schon op Iech!

Ons Kennzuelen

0 %+
Matarbechterinnen
0 %
Matarbechterzefriddenheet
0 %
digital & ouni Pabaier
0 %+
Matarbechterinnen
0 %
Matarbechterzefriddenheet
0 %
digital & ouni Pabaier

Är Demande

Dat, wat Dir gesidd, gefällt Iech? Schéckt ons Är Demande a léiert ons kennen!

Wann Dir eise Spirit deelt, da schéckt w.e.g. Är Demande mat Motivatiouns-Schreiwes, ee Liewenslaf a Form vun enger Tabell mat enger Foto, geneeën Informatiounen iwwert Är Sproochekompetenzen, Kopiën vun Äre Certificater, Är Erwaardung vum Bruttojoresakommes an ee méiglechen Ufanksdatum nëmmen als PDF per E-Mail un career@schneider.im.

Dir hutt net fonnt, wat Dir gesicht hutt?
Kontaktéiert ons einfach. Mir fannen dat Richtegt fir Iech.