Lizenséierung

Hutt Dir déi optimal Lizenséierungs-Strategie?

D’Beschaafung vu Software souwéi d’Lizenséierung an d’Gestioun vu Lizenzen stelle komplex Aufgaben duer. Dowéinst ass et net einfach, den Iwwerbléck iwwer d’Softwarelizenzen ze behaalen an déi Léisung ze fannen, déi sech am beschten fir déi speziell Ufuerderungen vun Äerer Organisatioun eegent.

Besonnesch bei Volumenlizenzprogrammer ass eng ëmfaassend Erfahrung néideg,    fir all Virdeeler vun dëse Programmer ze notzen. D’Dynamik vum Marché verlaangt e groussen Know-how am Beräich Lizenséierungsmodeller, Lizenzbestëmmungen a Kontrakter.

Fir grouss a mëttelstänneg Betrieber ass et duerfir dacks eng Erausfuerderung, eng Lizenséierungsstrategie ze fannen, déi optimal zu deër aktueller Notzung vu Software an zu deenen zukünftegen Ufuerderunge vun der Entreprise passt an dobäi déi kommerziell Aspekter an technesch Zesummenhäng am Betrieb respektéiert.

Mir optiméieren Äer Lizenzkäschten a reduzéieren Äeren Opwand fir d’Gestioun

Mir beroden Iech zu deenen ënnerschiddleche Lizenzmodeller a Finanzéierungsoptionen, déi et beim Kaaf vu Lizenze gëtt. Op Basis vun enger Bestandsopnahm vun Äerer Software kritt Dir vun eis eng Lizenzberodung, déi op Äer individuell Besoinën zougeschnidden ass, fir dass Dir schlussendlech nëmmen déi Software lizenséiert, déi Dir och wierklech fir Äer Aarbecht braucht.

Mat deene Lizenzoptiounen, déi op Äer Ufuerderungen zougeschnidde sinn, optiméiert Dir net nëmmen Äer Lizenzkäschten, mee reduzéiert och erhieflech den Opwand fir d’Gestioun vun de Lizenzen.

Mir ginn Iech d’Sëcherheet, esou rentabel wéi méglich lizenséiert ze sinn, an ënnerstëtzen Iech dobäi duerch Lizenzberodung, Softwaredistributioun, Testversiounen a Recommandatioune fir Produkter an duerch eis excellent Kontakter zu Fournisseuren a Partner.

Text in Englesch Däitsch Franséisch