Multivendor

Déi meescht Entreprisen notze Standard-Software wéi Microsoft 365 a verfollegen zousätzlech eng Multivendor-Strategie mat aanere Software-Produzenten, fir hir ganz spezifesch Online Services a Software Ufuerderungen ze erfëllen.

Mir decken alles of: Microsoft- a Multivendor-Berodung an Distributioun vun Online Services a Software- Lizenzen.

Eist erfuerent Team von Inside Sales Representatives versuergt Iech mat de richtegen Offeren zur richteger Zäit. Bei allen Online Services oder Software-Lizenzen, déi Dir vun eis bezitt, kënnt Dir Iech drop verloossen, dass mir Iech fréizäiteg virum Délai un d’Erneierung erënneren an Iech eng Offer maachen.

Mat eiser Multivendor-Strategie

  • bezitt Dir Äre ganze Software-Portefeuille aus enger Hand
  • notzt Dir Synergien tëschent Microsoft an anere Software-Produzenten
  • erneiert Dir pünktlech Är Abonnementer, Maintenance- a Support-Kontrakter
  • stellt Dir sécher, dass Är Uwender produktiv bleiwe mat Software an Online Services
  • co-terminéiere mir Är Kontrakter pro Produzent mat engem eenheetleche Verlängerungsdatum
  • notzt Dir d‘Virdeeler vun der virzäiteger Kontraktverlängerung a verhënnert Défaillance-Käschten
  • stellt sech d’Fro vun enger Kreditkaart oder Friemwährungen net
  • bleift Dir iwwer déi neisten Lizenzännerungen a Promotiounen informéiert.

Méi iwwer Software

Text in Englesch Däitsch Franséisch