
AnyDesk Software zeechent sech besonnesch duerch seng kuerz Reaktiounszäit aus. Je no System an Zort vu Connectioun kann dës nëmmen zwielef Millisekonne laang sinn – eng Verzögerung, déi fir mënschlech Aën och dann net ze gesinn ass, wann déi zwéi Computeren niewentenee stinn.
Deen onerwënschten Zougrëff op Äre Computer verhënnert AnyDesk mat der Sécherheetstechnologie TLS1.2, déi och beim Online-Banking agesat gëtt. All Verbindungen ginn doriwwer eraus mat Public-/Private Key Exchange verschlësselt, an d’Serveuren vun AnyDesk setze fir déi gréißtméiglech Zouverlässegkeet op „Erlang“, eng Technologie, déi speziell fir grouss an ausfallsécher Telekommunikationsnetzer entworf gouf.
Gegrënnt am Joer 2014 huet AnyDesk Software GmbH säi Sëtz zu Stuttgart, Däitschland.
Fir méi iwwer AnyDesk Software gewuer ze ginn, besicht wgl. d‘ Website: https://anydesk.com/remote-desktop.