E-iceblue

E-iceblue Co., Ltd. ass e Verkeefer vun .NET-, Silverlight- a WPF- Entwécklungs-Komponenten. D’Ziel vun E-iceblue ass et, héichwäerteg Komponenten fir d’Liesen an d’Schreiwe vu Fichieren a verschiddenen Office-Formater z’offréieren.

Spire.Presentation for .NET ass eng professionnell PowerPoint®-kompatibel Komponent, déi den Entwéckler et erméiglecht, PowerPoint-Dokumenter op Basis vun enger beliebeger .NET-Plattform (C#, VB.NET, ASP.NET) ze erstellen, ze liesen, ze veränneren, ze konvertéieren an ze  drécken. Als onofhängeg PowerPoint .NET-Komponent brauch Spire.Presentation for .NET keng Installatioun vu Microsoft PowerPoint um System.

Spire.Presentation for .NET ënnerstëtzt PPT, PPS, PPTX a PPSX Präsentatiouns-Formater. Et enthält  Funktiounen fir d’Gestioun vun Texter, Biller, Formen, Tabellen, Animatiounen, Audio a Video op Slides. Des weideren ënnerstëtzt et den Export vu Präsentatiouns-Slides op EMF, JPG, TIFF, PDF-Formater asw.

Spire.Office for .NET ass eng Kompliatioun vun Enterprise-Level Office .NET-Komponenten. Et enthält Spire.Doc, Spire XLS, Spire.Presentation,Spire.PDF, Spire.DataExport, Spire.PDFViewer, Spire.DocViewer a Spire.BarCode. Spire.Office for .NET enthält déi aktuellste Versiounen vun deene genannten .NET-Komponenten.

Mat Spire.Office for .NET kënnen d’Entwéckler eng grous Zuel vun Applikatiounen erstellen. Et erméiglecht hinnen, MS Word, Excel, PowerPoint a PDF-Dokumenter opzemaachen, ze erstellen, ze veränneren, ze konvertéieren, ze drécken an unzekucken.  Doriwwer eraus erlabt et den Utilisateuren, Donnéeën u beléifte Formater wie MS Word/Excel/RTF/Access, PowerPoint, PDF, XPS, HTML, XML, Text, CSV, DBF, Clipboard, SYLK asw. zu exportéieren.   Als onofhängeg Office .NET-Komponent brauch  Spire.Office for .NET keng Installatioun vu Microsoft Office um System. Zousätzlich ass et eng besser Alternative zu MS Office Automation, wat Sécherheet, Stabilitéit, Skaléierbarkeet, Vitesse, Präis a Funktionalitéite betrëfft. Spire.Office for .NET kann un all Typ von 32-bit oder 64-bit .NET-Applikatioun ugeschloss ginn, inkl. ASP.NET, Web Services a WinForms for .NET Framework, Versioun 2.0 bis 4.5.

Gegrënnt am Joer 2008, huet E-iceblue säi Sëtz zu Sichuan, Gansu, China.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2