Profil vun der Entreprise
Kaspersky Lab ass eng weltwäit féierend Entreprise an de Beräicher Virus-, Spam- an Hacker-Schutz, deër hir Produkter Firmen vun all Gréisst zouverlässeg viru virtuelle Gefore schützen.
D’Spezialiste vum Virus-Labo an der Firmenzentral zu Moskau entschlësselen am Dräi-Schichte-Betrieb nei Viren an aktualiséieren all Stonn d’Datebanke vun de Schutz-Porgrammer. Esou réagéiert Kaspersky Lab meeschtens am séiersten op nei Bedréiungen, déi all Mount mat bis zu 6.000 neie Varianten den Internet iwwerschwemmen.
Gegrënnt am Joer 1997, huet de Kaspersky Lab säi Sëtz zu Moskau, Russland.
Produktprofil
D’Business-Léisunge vu Kaspersky Lab schützen dynamesch Netzwierker, onofhängeg vun der Gréisst an der geografescher Verdeelung, optimal géint Viren, Spyware, Hacker a Spam. Wéinst deër optimaler Skaléierbarkeet an deër flexibler Administratioun vun der Kaspersky Open Space Security sinn d’Produkter einfach ze installéieren a séier an d’Netzwierk integréiert.