Microsoft

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-Logo.png

Fänkt mat Ärem Office un.

Microsoft 365 an Azure si just den Ufank vun onendleche Méiglechkeeten. Mat Äre léifsten Applikatioune kënnt Dir alles op enger Plaz kreéieren, deelen a collaboréieren.

Profil vun der Entreprise

Dee weltwäit féierenden Ubidder vu Software.

Microsoft ass dee weltwäit féierenden Ubidder vu Standardsoftware, Online-Déngschter a Léisungen, déi Mënschen an Entreprisen vun alle Gréissten an an alle Branchen hëllefen, hirt Potenzial auszeschäffen.

Sécherheet an Zouverlässegkeet, Innovatioun an Integratioun, mat Offenheet an Interoperabilitéit, stinn am Mëttelpunkt bei der Entwécklung vu Microsoft-Produkter.

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-Logo.png
SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-365-Icon.png

Microsoft 365

Bleift a Verbindung an erleedegt Är Aufgaben.

Microsoft 365 ass eng Rei vun Applikatiounen, déi Ären Utilisateuren hëllefen, a Verbindung ze bleiwen a Saachen erleedegen ze kënnen.

Huelt Iech Är beléiftest Applikatioune wéi Microsoft Team, OneDrive, Word, Outlook, Excel, OneNote oder PowerPoint fir Är Entreprise!

Mat de Microsoft 365 Security & Compliance Funktioune vu Microsoft 365 kënnen Administrateuren hiren optimalen Entreprisen-Environnement schafen – egal, ob op der Plaz, hybrid oder an der Cloud.

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-Azure-Icon.png

Microsoft Azure

Zouverlässegt Cloud Computing.
Ëmmer an iwwerall.

Microsoft Azure as eng Cloud- computing Plattform an een Online-Portal mat iwwer 200 Produkter a Cloud-Servicer.

Et erméiglecht Iech den Zougrëff op all Cloud-Déngschter a -Ressourcen, déi vu Microsoft bereetgestallt ginn, an op hir Gestioun.

Azure bitt eng grouß Sammlung vun Déngschter, dorënner Platform as a Service (PaaS), Infrastructure as a Service (IaaS) a géréiert Datebankdéngschter.

Et gëtt keen initialen Engagement – Dir kënnt zu all Moment kënnegen.

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-Security-Icon-1.png

Microsoft Security

Protegéiert Är Entreprise.

Microsoft Security hëlleft, Mënschen an Donneeën viru Cyber-Menacen ze schützen, fir dass Dir berouegt kënnt sinn.

D’Zuel an d’Raffiness vu Cyber-Attacken huelen an Entreprisen ëmmer méi zou. Mat de Sécherheetsprodukter vu Microsoft schaffen Är Benotzer sécher an hirem komplett geschützten Environnement – iwwerall an ëmmer.

Windows 11

D'nei Windows Experienz.

Partner

Mir sinn Ären éischte Choix fir all Microsoft Online Services a Software.

Microsoft Software Advisor fir Enterprise Agreements (EA)

Mir sinn Ären éischte Choix fir Ärt Microsoft Enterprise Agreement. Als LSP.

Mir sinn d’Nr. 1 vun de Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg an deen éischte Choix als Software Advisor fir Äert Microsoft Enterprise Agreement (EA).

Mir sinn deen éischte Microsoft Licensing Solution Provider (LSP) mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg a betreien Honnerte vun Entreprise Enrollments am kommerzielle Beräich a fir staatlech Institutiounen mat villen 100.000 Uwender weltwäit.

Am Kader vun eisen Déngschtleeschtungen als Äre Software Advisor bidde mir éischtklasseg Lizenséierungberodung an onbegrenzt Optiméierungssimulatiounen a ginn Iech kompetent Äentwerten op all Är Lizenzfroen.

Mir sinn dee Microsoft Partner zu Lëtzebuerg mat deenen am beschten ausgebildten Lizenzexperten a kennen d’Microsoft-Lizenzkonditiounen, déi sech stänneg änneren, wéi och de Maart.

No. 0
Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg
0 +
Enterprise Agreements
0 +
Microsoft Benotzer
SCHNEIDER IT MANAGEMENT is

Microsoft Online Services & Software Distributioun

All Microsoft-Lizenprogrammer.
Zu deene beschte Konditiounen.

Dorwiwwer eraus si mir dee beschte Choix fir all aner Microsoft Lizenzprogrammer:

Mat onsem eenzegartegen Usaaz zur Lizenzoptiméierung vergläiche mir all disponibel Optiounen, fir Iech déi bescht Kombinatioun aus Online Services & Software ze offréieren, déi genee op Är Ufuerderungen zougeschnidden ass.

Well mir direkt vu Microsoft bezéien, kënne mir zu virdeelhafte Konditioune weiderverkafen.

Microsoft Azure

Mir sinn d’Experten fir Azure.

Microsoft Azure as eng Cloud-Computing Plattform an een Online-Portal mat iwwer 200 Produkter a Cloud-Servicer.

Et erméiglecht Iech den Zougrëff op an d’Gestioun vun alle Cloud-Déngschter a -Ressourcen, déi vu Microsoft bereetgestallt ginn.

Azure bitt eng grouß Collectioun vun Déngschter, dorënner Platform as a Service (PaaS), Infrastructure as a Service (IaaS) a géréiert Datebankdéngschter.

Mir verkafen all Azure-Déngschter a berechnen se transparent weider.

Ons zertifizéiert Azure-Experten optiméieren Äre Microsoft-Azure Environnement, fir dass Dir dee beschte Notzen aus Ären Azure-Servicer zéie kënnt.

Microsoft Azure Apps
Microsoft Azure Apps

Zertifizéierungen

Mir sinn am beschte qualifizéiert.

Ons héichqualifizéiert Online Services & Software Lizenzexperten sinn ëmmer op deem neieste Stand vun de Microsoft Produkt- a Lizenzkonditiounen.

  • Mat onser Cloud Platform Kompetenz hëllefe mir Iech, sécher, skaléierbar an zouverlässeg Cloud-Léisunge mat Microsoft Azure ze notzen.
  • Mat onser Cloud Productivity Kompetenz ënnerstëtze mir ons Enterprise-Clienten mat innovative Microsoft 365 Produktivitéitsléisungen.
  • Mat onser Small and Midmarket Cloud Solutions Kompetenz ënnerstëtze mir kleng a mëttelgrouss Clienten mat Cloud Produktivitéits- a Sécherheetsléisungen.
No. 0
Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg
0 +
Enterprise Agreements
0 +
Microsoft Benotzer
No. 0
Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg
0 +
Enterprise Agreements
0 +
Microsoft Benotzer

Lizenzéierung

Et gëtt eppes fir Är Entreprise.

Héich Flexibilitéit

Gerénge Verwaltungsopwand

Niddreg Käschten

Microsoft Enterprise Agreement (EA) & Enterprise Subscription Agreement (EAS)

Fir grouss Entreprisen.

D’Microsoft Enterprise Agreement (EA) an d’ Enterprise Subscription Agreement (EAS) hunn allebéid eng Lafzäit vun dräi Joer an ënnertstëtzen Organisatioune mat méi ewéi 500 Utilisateuren, déi d’Lizenséierung vun hirer Microsoft-Softwaretechnologie vereinfachen an optiméiere wëllen.

De Microsoft EA offréiert dee beschte Wäert fir Organisatiounen, déi een iwwersiichtleche  Volumelizenzéierungsprogramm wëllen, deen hinnen d‘Flexibilitéit bitt, Online Services & Software-Lizenzen an engem Kontrakt ze kafen.

D’Enterprise Subscription Agreement (EAS) bitt nach méi niddreg Käschte pro Joer an d’Flexibilitéit, d’Zuel vun den Abonnementer op Jores-Basis erop- oder erofzesetzen, net nëmme fir Online Services, mee och fir On-Premises-Produkter. Dës Méiglechkeet, ze wuessen oder méi kleng ze ginn, ënnerstëtzt Ännerungen un der Gréisst vun der Entreprise an un den IT-Ufuerderungen. Mat engem EAS kritt Dir Zougrëff op Microsoft Online-Déngschter a Software, soulaang Dir Är Abonnementer oprechterhalt.

Virdeeler vum Microsoft EAS:

  • Beschte Wäert: Maximéiert Är Investitioun an d‘ Microsoft Technologien mat deene beschte Präisser a Virdeeler:
    • Duerch den Asaaz vun enger gemeinsamer Plattform an der ganzer Entreprise spuert Dir am meeschten;
    • Dir kritt 24×7 technesche Support an eenzegarteg Technologien mat Software Assurance.
    • Miniméiert d‘Virauskäschten a budgetéiert méi effizient, andeems Dir d‘Präisser blockéiert an d’Bezuelen iwwer dräi Joer verdeelt.
  • Flexibel: Reagéiert op déi technologesch Landschaft, déi sech permanent verännert, andeems Dir op déi neiste Versioune vun den Online Services an der On-Premises Software zougräift.
    • Erfëllt déi individuell Ufuerderunge von Ärer Entreprise, baséierend op hirer Gréisst an hiren technologeschen Ufuerderungen.
    • Wielt tëschent Microsoft Online Services, On-Premises Software oder enger Mëschung aus béidem a migréiert zu Ären eegene Konditiounen.
    • Gräift mat Software Assurance automatesch op déi neiste Software an Technologien zou.
  • Geréierbar: Rationaliséiert de Lizenzmanagement mat enger eenzeger organisatiounswäider Konventioun.
    • Vereinfacht den Akaf mat previsiblen Paiementer iwwert een eenzege Kontrakt fir für Online Services & Software.
    • Geréiert Lizenzen zentral mat Online-Management-Tools.

Géréiert d’Lizenséierung bannet der ganzer Lafzäit vun Ärem Enterprise Subscription Agreement (EAS) mat SCHNEIDER IT MANAGEMENT als Ärem Software Advisor ouni zousätzlech Käschten:

  • Dir kritt eng éischtklasseg a gratis Lizenséierungsberodung
  • gratis an onbegrenzt Äentwerten vun Experten op Är Lizenséierungsfroen
  • gratis an onbegrenzt Lizenzséierungs-Simulatiounen fir Är Lizenséierungs-Szenarien

Microsoft Cloud Solution Provider (CSP)

Fir all Gréissten. Ganz flexibel.

De Cloud Solution Provider (CSP) Programm adresséiert sech u Clienten vun alle Gréissten, déi Microsoft Online Services op enger héichflexibler Transaktionsbasis kafe wëllen. Et gëtt keng Mindestufuerderunge für Online Services Abonnementer an eng verbrauchsbaséiert Ofrechnung fir Azure-Déngschter ouni Engagement. CSP ass dee perfekte Programm für kuerzfristeg Projeten, kleng a mëttelgrouss Entreprisen oder Clienten, déi flexibel zu Microsoft Online Services wiessele wëllen.

Zousätzlech zu den Online Services kënnt Dir iwwert de CSP-Programm och On-Premises-Software als permanent Lizenzen oder Abonnementer kafen.

Microsoft Customer Agreement (MCA)

CSP-Notzungsrechter.

De Microsoft Customer Agreement definéiert d‘Notzungsrechter fir Online Services an Azure Services, die iwwer Cloud Solution Provider (CSP) kaft goufen.

Microsoft Products and Services Agreement (MPSA)

Fir mëttelgrouss Entreprisen.
Kombinéiert Online Services a Software-Lizenzen.

De Microsoft Products and Services Agreement (MPSA) kombinéiert deen transaktionale Kaf vun Online Services & Software Lizenzen an engem Kontrakt.

MPSA eegnet sech fir Organisatioune mat 250 oder méi Benotzer, déi deen transaktionale Kaf vu Microsoft Software Lizenzen an Abonnementer vu Microsoft Online Services an engem Kontrakt kombiniéren wëllen.

MPSA zeechent sech duerch Folgendes aus:

  • Een eenzegen permanente Kontrakt mat integréiertem Akaf fir Online Services, Software a Software Assurance.
  • Purchasing Accounts erméiglechen et Departementer oder Geschäftsunitéiten, Online Services & Software onofhängeg ze kafen an ze geréieren.
  • Purchasing Accounts konsolidéieren automatesch d’Akeef vun Online Services & Software a garantéieren Iech dee beschte Mengerabatt.

Microsoft Open Value (OV) & Open Value Subscription (OVS)

Fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen.
Einfach. Mat Software Assurance.

Microsoft Open Value (OV) ass recommandéiert, wann Dir eng kleng bis mëttelgrouss Organisatioun mat fënnef oder méi Geräter hutt an d‘Lizenzgestioun vereinfachen, Softwarekäschte geréieren and eng besser Kontroll iwwer Är Investitiounen kréie wëllt. De Programm ëmfaasst och Software Assurance, déi Zougank zu wertvolle Virdeeler wéi Software-Upgrades a Produktsupport bitt. Wann Dir queesch duerch d’Entreprise standardiséiert, kritt Dir souguer nach besser Präisser.

Microsoft Open Value Subscription (OVS) offréiert niddreg Uschafungskäschten an d‘Flexibilitéit, dës an de Joren duerno ze reduzéieren, wann d’Zuel vun de Benotzer erofgeet. D‘Subscription-Option gëtt Ärer Organisatioun d‘Rechter, d‘Software nëmme bannent der Lafzäit vum Kontrakt ze benotzen.

Promotionen

Profiéiert vun deenen aktuelle Microsoft Promotionen.

Microsoft Viva Suite Promotion

Until March 31, 2024, save 50% on the Microsoft Viva Suite, compared to the list price. This exclusive offer is available through Enterprise Agreements (EA) for customers globally.   Promotion Details: Discount: Customers can enjoy a significant 50% reduction

MÉI LIESEN »

Microsoft Viva Insight Mini Suite Promotion

Until March 31, 2024, save 50% on Microsoft Viva Workplace Analytics and Employee Feedback (aka. Viva Insight mini suite), compared to the list price. This exclusive offer is available through Enterprise Agreements (EA) for customers globally.   Promotion Details:

MÉI LIESEN »

Microsoft 365 Business Premium Promotion

Until December 31, 2023, this promotion offers 15% discount on Microsoft 365 Business Premium via SCHNEIDER IT MANAGEMENT as your Cloud Solution Provider (CSP).   Microsoft 365 Business Premium Microsoft 365 Business Premium is the best way for small-

MÉI LIESEN »

Microsoft Windows 365 Enterprise Promotion

Effective July 1, 2023, until December 31, 2023, a promotion on Microsoft Windows 365 Enterprise is available. It offers a 20% discount on Windows 365 Enterprise monthly subscriptions for existing Microsoft 365 Business Premium customers.   Microsoft Windows 365

MÉI LIESEN »

Microsoft Entra ID Governance Step-Up Promotion

Effective July 1, 2023, until December 31, 2023, the Microsoft Entra ID Governance Step-Up promotion offers 37.5% discount for eligible customers.   Microsoft Entra ID Governance Microsoft Entra ID Governance empowers organizations to comply with organizational and regulatory requirements

MÉI LIESEN »

Microsoft 365 E3 Do More with Less promotion

Until September 30, 2023, the Microsoft 365 E3 Do More with Less promotion for Cloud Solution Provider (CSP) customers offers a 15% discount on Microsoft 365 E3. Promotion Overview Annual subscription on Microsoft 365 E3, promotional pricing will apply

MÉI LIESEN »

Microsoft Teams Premium available

Effective February 1, 2023, Microsoft Teams Premium is available. Microsoft Teams Premium is a new offering that builds on the current Microsoft Teams experience with additional features that help make Teams meetings even more personalized, intelligent, and protected. It

MÉI LIESEN »

Microsoft Power Virtual Agent promotion

Until December 31, 2023, there is a promo on Microsoft Power Virtual Agent (PVA). There is a discount of 80% on Microsoft Power Virtual Agents and 77.77% on Chat Session for Virtual Agent. Microsoft Power Virtual Agents enable you

MÉI LIESEN »

Links

FAQ

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-11-30-Graphics-Website-Microsoft-365-Icon.png

Microsoft 365

Wann Dir Microsoft 365 fir Iech selwer als Eenzelpersoun oder fir eng Famill zu Lëtzebuerg kaft, kënnt Dir Microsoft 365 direkt bei Microsoft bezéien.

Wann Dir Microsoft 365 fir eng Organisatioun, ee Konzern, eng Entreprise oder fir d’Regierung zu Lëtzebuerg kaft, sollt Dir Är Microsoft-Software iwwer een zertifizéierte Microsoft-Partner bezéien. 

Dee beschte Choix ass deen etabléierte Microsoft-Partner SCHNEIDER IT MANAGEMENT. Mat eiser exzellenter globaler Lizenzéierungsexpertise bidde mir Iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzéierungsprogramm an zu deene beschte Konditiounen.

Frot SCHNEIDER IT MANAGEMENT nach haut no enger Offer fir Microsoft 365 mat annueller Lafzäit.

Wann Dir Microsoft 365 fir Iech selwer als Eenzelpersoun oder fir eng Famill zu Däitschland kaft, kënnt Dir Microsoft 365 direkt bei Microsoft bezéien.

Wann Dir Microsoft 365 fir eng Organisatioun, ee Konzern, eng Entreprise oder fir d’Regierung zu Däitschland kaft, sollt Dir Är Microsoft-Software iwwer een zertifizéierte Microsoft-Partner bezéien. 

Dee beschte Choix ass deen etabléierte Microsoft-Partner SCHNEIDER IT MANAGEMENT. Mat eiser exzellenter globaler Lizenzéierungsexpertise bidde mir Iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzéierungsprogramm an zu deene beschte Konditiounen.

Frot SCHNEIDER IT MANAGEMENT nach haut no enger Offer fir Microsoft 365 mat annueller Lafzäit.

Wann Dir 5 oder méi Lizenze braucht, da recommandéiert et sech, een zertifizéierte Microsoft-Partner vun Ärem Choix ze kontaktéieren.

Dee beschte Choix vu Microsoft-Partner ass SCHNEIDER IT MANAGEMENT. Mat eiser exzellenter globaler Lizenzéierungsexpertise bidde mir Iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzéierungsprogramm an zu deene beschte Konditiounen. Mir offréiere Microsoft 365 fir Entreprisen an Administratiounen ouni Kreditkaart.

Frot SCHNEIDER IT MANAGEMENT no enger Offer fir Microsoft 365 ouni Kreditkaart.

Abonnéiert de SCHNEIDER IT MANAGEMENT Update, an Dir kritt aktuell Informatiounen zu alle wichtegen Ännerungen an der Microsoft 365-Lizenzéierung.

SCHNEIDER-IT-MANAGEMENT-2022-09-26-Graphics-Microsoft-Azure-Icon.png

Microsoft Azure

Fir Microsoft Azure ze notzen, braucht Dir een Azure-Abonnement (och bekannt als Azure Subscription). Fir mat Microsoft Azure unzefänken, ass kee Mininmum- Bestellwert a keen Engagement erfuerdert. D’Lizenzéierungsexperte vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT ënnerstëtzen Iech bei Froen zum Microsoft Azure-Abonnement an zu der Buchung.

D’Käschte fir Äert Azure-Abonnement baséieren op ville verschiddene Facteuren, inklusiv den Type vu Maschinnen, déi Dir fir d’Ausféierung vun Ärer Applikatioun festgeluecht hutt, an dem Datevolume, deen Dir späichert an iwwerdrot.

Mir ënnerstëtzen Iech dobäi, Är Microsoft Azure-Käschten ze optiméieren. Kontaktéiert eis.

Mat enger ganz breeder Palett vu Cloud-Déngschter huet Microsoft Azure fir all Zilgrupp an all Gréisst vun Entreprise déi richteg Offer. Duerzou gehéiere grondlegend Infrastrukturdéngschter wéi virtuell Maschinnen, Rechendéngschter an Netzwierker, verschidden Entwécklerofferen wie App Service, DevOps an Testenvironnementer souwéi Datebank- a Späicherléisungen. Doriwwer eraus decken d’Azure-Déngschter ee breede Spektrum un Zukunftstechnologien of, wéi den Internet vun de Saachen,  kënschtlech Intelligenz oder Mixed Reality.

Mat enger ëmfassender Offer an de Beräicher Infrastructure-as-a-Service, Platform-as-a-Service a Software-as-a-Service kréien d’Entreprise fir bal all Asaz-Szenarien déi passend Ënnerstëtzung. Wichteg beim Opbau a beim Betrib vun Evaluéierungsenvironnementer sinn d’Virdeeler vun der séierer Disponibilitéit vun skaléierbare Ressourcen. Doriwwer eraus kann dee produktiven Environnement zu all Moment duerch Bäisetzen oder Ewechhuele vun eezelne Ressourcen u verännert Ufuerderungen ugepasst an esou effizient genotzt ginn. Dëst erméiglecht net nëmmen ee ressourceschounende Betrib vun der IT, mee optiméiert och d’IT-Käschten, well Dir bezuelt just fir dat, wat Dir braucht an notzt.  Microsoft Azure eegnet sech duerfir fir all Zorte vun Entreprisen – vum klenge Startup bis zur grousser Gesellschaft.

Fir vill Branchen an Entreprisen gehéiere Sécherheet, Dateschutz a Compliance zu deene wichtegste Facteuren, ier een sech fir ee Wiessel an d’Cloud entscheed. D’Cloud-Plattform vu Microsoft erfëllt net nëmmen déi aktuell Gesetzer a Virschrëften zu Datesécherheet an Dateschutz, mee bitt och héich Compliance-Standards. Dëst gëtt duerch dee groussen Zertifizéierungsportfolio ënnerstrach, deen Zertifizéierungen a Compliance-Standards aus spezifesche Branchen wéi dem Finanz- a Gesondheitswiesen ëmfaasst.

Microsoft offréiert eng gratis Testversioun von Azure. D’Testversioun ass allerdéngs méiglecherweis net performant genuch, fir komplex Applikatiounen ze hosten oder Informatiounen an deër selwechter Aart a Weis ze späicheren wéi an engem richteg ageriichten Environnement. SCHNEIDER IT MANAGEMENT kann Iech een Azure-Abonnement ubidden, dat op der Basis vun Ärem reelle Verbrauch bezuelt gëtt, ouni Minimum-Engagement an ouni Kreditkaart.

Kontaktéiert eis fir eng gratis Berodung.

Neen, et gëtt keng Minimum-Kontraktlafzäit oder een ähnlecht Engagement. Microsoft Azure baséiert op engem Pay-as-you-go-Modell, an Dir hutt zu all Moment d’Méiglechkeet, Azure-Ressourcen ze stoppen. De Verbrauch vun de Ressourcen bis zu dësem Zäitpunkt gëtt dann all Mount op der Basis vum reelle Verbrauchs nodréiglech berechent.

Fir d’Käschten ze reduzéieren, kënnt Dir Iech optional fir Reserved Instances mat enger Lafzäit vun 1 oder 3 Joer entscheeden.

Contact

Séchert Iech all Microsoft Online Services a Software.
Kontaktéiert ons!

Prett fir deen nächste Schrëtt?