Nitro Software Ltd ass eng Firma am Beräich Dokument-Produktivitéit. Si hëlleft Organisatioune vun alle Gréissten, Pabeier ze eliminéieren, Geschäftsprozesser e beschleunegen an digital Transformation virunzedreiwen, andeems se PDF-Produktivitéit an eSigning an enger eenzeger, bezuelbarer Léisung ubidden.
D’Produkter enthalen Nitro Pro, déi aneremaus PDF Creator, PDF Editor, PDF Konverter, Merge PDF, PDF Annotator, Protect PDF besteet.Nitro Cloud besteet aus elektroneschen Ënnerschrëften, Kollaboratioun an Nitro Analytics. D’Firma rapportéiert an zwee Segmenter: Abonnement a Perpetual, Maintenance a Suppor, woubäi de gréissten Deel vum Akommes aus dem Segment Perpetual, Mainenance a Support kënnt.
Nitro Pro: d’Virdeeler fir Är Entreprise
- zouverlässeg digital Dokument-Léisung mat dem leeschtungsfäegsten PDF-Feature-Set um Maart
- besser a méi intelligent Zesummenaarbecht, um Desktop wéi och an der Cloud
- eng eenzeg, komplett a bezuelbar Léisung fir Äre ganzen Team
- immens einfach ze benotzen an anzesetzen, onofhängeg vun der Gréisst vun Ärem Team
- dee beschte Service après vente a Support aus der Branche.
Nitro Cloud: déi optimal Léisung für Är Entreprise
- Gitt Dokumenter op intelligent Aart a Weis fräi: mat Nitro Cloud kënnt Dir mat e puer Klicks zouverlässeg a sécher Äer Dokumenter fräiginn, Matdeelungen iwwert Dokumenten-Konsultéierungen a -beaarbechtungen kréien an Ënnerschrëfts- oder Kollaboratiounsfunktiounen no Bedarf an- oder ausschalten.
- Loosst Dokumenter bannent Sekonnen ënnerschreiwen: vun Dépense-Ofrechnunge bis zu Kontrakter war d’Ënnerschreiwe vun Dokumenter nach nie méi sécher oder méi séier. Fälschungssécher a rechtsverbindlech elektronesch Ënnerschrëften sinn eng Saach vu Sekonnen: fräiginn – ënnerschreiwen – fäerdeg.
- Schafft online zesummen: Nitro Cloud erlaabt Iech an Äre Partner a Mataarbechter, Dokumenter direkt an Äerem Web-Browser ze beaarbechten – et ass keng Software erfuerdert. Systemateschen Tracking a Versionéieren erméiglechen d’Asetze vu Commentairen an Umierkungen souwéi déi spontan Informatioun vun anere Mataarbechter
- Erdeelt Genehmigungen ouni Ënnerschrëft an Ausdrécken: Dir kënnt engem beliebegen Dokument gréng Luucht ginn, ouni et missen auszedrécken, ze ënnerschreiwen, erofzelueden oder ze mailen. Gitt Äer Zoustëmmung vun Ärem Browser aus, mat komplettem Tracking a Preuven.
Nitro Cloud deckt all Beräicher of, vun Distributioun a Marketing bis zum juristeschen Département an dem Personalbüro:
- Genehmigungen an Ënnerschrëften kritt Dir bannent e puer Sekonnen
- Dokumenter kënnt Dir vun all Standuert aus beaarbechten a fräiginn
- loosst Iech laafend iwwert d’Konsultéierung an d’Fräiginn vun Ären Dokumenter duerch aner Mataarbechter informéieren
- Dir verfügt iwwert kompletten Tracking a Preuven
- et ass keng Software erfuerdert.
Gegrënnt am Joer 2005, huet Nitro Software Ltd. säi Sëtz zu San Francisco, Kalifornien.
Méi Informatioune fannt Dir ënnert www.gonitro.com
Wann Dir Nitro-Software iwwer SCHNEIDER IT MANAGEMENT bezéie wëllt, kennt Dir eis gären fir eng Offer kontaktéieren.