ReadonlyREST ass eng héichperformant, uwenderfrëndlech Sécherheetsléisung fir den Elastic Stack. Si deckt all kritesch Sécherheetsaspekter of: Verschlësselung, Authentifizéierung, Autorisatioun a Revisioun, an dat alles vun der graphescher Interface vun hirer eegener Kibana-App.
Hei sinn e puer Beispiller derfir, wéi Clientë vu ReadonlyREST hir Donnéeën schützen a gläichzäiteg Zäit a Sue spueren.
Schutz virun Erpressungssoftware
Erpressungssoftware-Attacken op öffentlech zougänglech Elasticsearch si mëttlerweil scho bal Normalitéit. Am Joër 2016 huet IBM de Problem mam Asaz vu ReadonlyREST a mat buchstäblech 3 Zeile Konfiguratioun geléist. Elo kënnen si Elasticsearch ouni Gefor am Internet presentéieren an hir performant Searchbox op hirer Dokumentatiouns-Website asetzen.
Spuert Reche-Ressourcen a vereinfacht Operatiounen
Dëst Joër (2017) huet CERN (Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire) seng operativ Käschten an den Asaz vu Reche-Ressources wesentlech reduzéiert duerch d’Konsolidéierung vu méi wéi 30 Elasticsearch-Gruppen zu enger Handvoll Multi-User-Gruppen.
Héich Sécherheet, niddregen Opwand
An dësem Moment gi mat der liichter ReadonlyREST-Architektur bei CERN ongeféier 10 Petabytes/Dag Donnéeën vu Partikel-Kollisiounen, Metadata vun Experimenter a Sécherheets-Metrik gutt versuergt, ouni ee wesentleche Leeschtungsverloscht.
Kibana op Mooss
Wosst Dir, dass Dir verschidde Kibana-Apps viru bestëmmten Uwender verstoppe kënnt? Oder dass Dir eng wonnerbar Full-Screen Login-Form mat engem Logout-Knäppche kréie kënnt? An och Detailer vu Sessions an engem verschlësselte Cookie späichere kënnt fir nach méi Sécherheet? Alles dat ass méiglech mat dem ReadonlyREST Enterprise Kibana Plug-in.
Méi héich Vitesse fir Operatiounen
Sécherheets-Astellungen kënne verbessert an aus der Kibana-App GUI zréckgeholl ginn; et ass net méi néideg, d’Konfiguratiouns-Fichierën op alle Punkten ze änneren oder laang a riskant Cluster-Restarts duerchzféieren.
Einfach anzesetzen an ze verstoën
Well mënschlech Feeler de gréisste Risiko am Bezuch op IT-Sécherheet duerstellen, leet ReadonlyREST grousse Wäert drop, dass hir Léisung einfach anzesetzen ass. ReadonlyREST steet domatt wäit iwwer allen anere Léisungen. Dir sidd a ganz kuerzer Zäit installéiert a funktionell.
ReadonlyREST ass e Produkt vu Beshu Limited, enger UK Firma, déi am Joer 2017 gegrënnt gouf.
Méi Informatiounen iwwer ReadonlyREST fannt Dir ënner https://readonlyrest.com/.