Sophos

Profil vun der Entreprise

Sophos ass eng Sécherheetssoftware an Hardwarefirma mat engem ëmfaassende Produktportfolio vun Endpunkt, Verschlësselung, E-Mail, Internet a Network Access Control Produkter. Si Zil ze beweisen datt d’Installatioun, d’Applikatioun an d’Gestioun vun IT Sécherheetsléisunge ganz einfach kënne sinn.

Produktprofil

IT-Environnementer hunn sech an deene leschte Joren  grondleeënd verännert. IT-Sécherheet huet bis dohinner bedeit, Schuedprogrammer ze identifizéieren an se  dervunn ofzehaalen, an d’Netzwierk-Environnement vun enger Organisatioun anzedréngen. Dat geet awer haut net méi duer. Zousëtzlech zu Firewalls, Viren- a Spamschutz brauchen Entreprisen een ëmfaassend Sécherheetskonzept, dat an deër ganzer Infrastruktur gräift. Eng ëmfaassend Schutzstrategie erfuerdert méi wéi nëmmen dat einfacht Blockéiere vu Malware – Léisunge fir Verschlësselung, E-Mail, Internet an Network Access Control gëlle schon haut als strategesch Grondviraussetzungen. Hei spréngt Sophos an.

Déi leeschtungsstark Léisunge si ganz einfach ze installéieren, sinn uwenderfrëndlech  a liicht ze verwalten. An all Sophos-Client profitéiert vun de Servicer vun de SophosLabs, déi den Zentrum vun eisem Know-how duerstellen an am séiersten an der ganzer Branche op nei Menace reagéieren.

Gegrënnt am Joer 1985, huet d’Sophos Group plc säi Sëtz zu Abingdon, England.

Mir si Sophos Authorized Partner.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2