Trend Micro

Profil vun der Firma

Trend Micro ass dee weltwäit féierenden Ubidder vu Cloud-Sécherheet an entwéckelt innovativ Léisunge fir eng Welt, an deër Entreprisen a Privatuwender digital Donnéeën sécher austausche kënnen. Als féierenden onofhängege Sécherheetsubidder ass Trend Micro maartféierend an de Beräicher Server- a Virtualiséierungssécherheet souwéi bei der Bereetstellung vu Sécherheetsléisunge fir Endpunkter, Netzwierker a Cloud. D’Technologien vun Trend Micro stoppe Menacen séier an efficace, steigeren d’Leeschtungsfähegkeet a liwweren déi Transparenz a Kontroll, déi néideg sinn, fir Donnéeën a physeschen, virtuellen, cloudbaséierten a mobilen Environnementer ouni Suerg fräiginn a schützen ze kënnen.  Egal wat fir Sécherheetsufuerderungen Dir hutt oder wéi dës Ufuerderungen sech an Zukunft entwéckele wäerten – Trend Micro ass déi intelligent Léisung fir Sécherheet um Wee zum Cloud-Computing.

Produktprofil

Trend Micro liwwert High-End-Léisungen, déi all potentiell Entréeën (via Internet Gateway, E-Mail, Server, Aarbechtststatioun) viru Computerviren schützen. Fir eng optimal Sécherheet vum Schutz vun der ganzer Informatiounsketten am Réseau vun der Entreprise ze garantéieren a fir d’Verbreedung vu Viren esou wäit wéi nëmme méiglech ze reduzéieren, huet Trend Micro mat den TrendLabs dat weltgréisste Fuerschungsteam opgebaut.

Trend Micro Inc., gegrënnt am Joer 1988, huet säi Sëtz zu Irving, Texas, USA.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2