USU

Profil vun der Entreprise

D‘USU Software AG bitt zënter 1977 weltwäit Software a Servicer fir  IT- a Customer Service Management un. D‘USU Software AG huet hiren Haaptsëtz zu Möglingen an Däitschland. Mat deene verschiddenen Entreprisen vun der USU erméglicht sie Clienten d‘Digitaliséierung an Automatiséierung vun alle Prozesser, déi fir d’Plangen, den Entworf, de Betrieb, d’Steierung, d’Notzung an d‘Ofrechnung vun Déngschtleeschtungen noutwendeg sinn.

Mat Wierkung zum 28. Januar 2021 trëtt d‘USU-Duechter Aspera ënnert deem eenheetlechen  Markennamen USU op. USU ass weltwäite Maartleader am Beräich Software Asset Management (SAM) an erméiglecht Entreprisen den Asaaz vu SAM Léisunge fir eng käschteneffizient Softwarebereetstellung.

Partner

Mir si USU Gold Partner.

USU als Deel vun de SCHNEIDER IT MANAGEMENT Managed SAM Services

Mat eise Managed SAM Services geréiere mir Äre Software-Portefeuille transparent. Eisen erproufte SAM Framework verbënnt organisatoresch, technologesch a kontraktuell Aspekter an engem integréierten Usaaz.

Aus technologescher Siicht geet et ons bei der Datenerfaassung net nëmmen ëm Softwareerkennung a Lizenzmanagement. Bei On-Premises-Software besteet fir Entreprisen ee relativ héije Risiko, ënnerlizenséiert ze sinn. Mat der Aféierung vun Online Services a browserbaséierten Uwendunge musst Dir déi effektiv Notzung kontrolléieren an iwwerwaachen, fir eng Iwwerlizenséierung ze vermeiden. Eng entspriechend Plattform mat enger zentraler Datebank ass onerlässlich.

D‘Häerzstéck vun onsen Managed SAM Services ass den USU License Management (SmartTrack) als Är Dateplattform.

Mat eisen éischtklassegen All-inclusive Managed SAM Services wäert Dir

  • Zäit spueren, well mir Iech vun der Gestioun vun Ärem Software-Portefeuille entlaaschten, fir dass Dir Iech op Ärt Haaptgeschäft konzentréiere kënnt
  • Sue spueren duerch d‘Optiméierung vun Ärem Total Cost of Ownership an déi effizient Gestioun vun Ären Online Services a Software-Lizenzen
  • voll Transparenz a Kontroll iwwer Är Software an Online Services Assets gewannen.

Kontaktéiert ons fir eng gratis Demo vun onse Managed SAM Services, wann Dir Zäit a Sue spuere wëllt.

SOFTWARELIZENSÉIERUNG

Séchert Iech d’Gratis Experteberodung vu SCHNEIDER IT MANAGEMENT

Single-Post-CTA-2