VMware

Profil vun der Firma

VMware, haut eng EMC-Entreprise, gouf  1998 gegrënnt mat dem Ziel, Technologie fir virtuell Maschinnen vun der Mainframe-Klass fir d’Notzung op Industriestandard-Computeren ze entwéckelen. Schon 1999 huet VMware säin éischt Produkt  – VMware Workstation – virgestallt, an 2001 sinn VMware GSX Server a VMware ESX Server nokomm. Mam Start vun VMware VirtualCenter am Joer 2003 a sénger innovativer VMotion-Technologie konnt sech d’Entreprise als ee vun den intellektuelle Virreider op dem neie Maart fir virtuell Infrastruktur etabléieren.  Virtuell Infrastruktur erschléisst dem Rechenzentrum eng komplett nei Funktionalitéit, un déi bis dohinner net emol ze denke war.

VMware steet haut un der Spëtzt vum weltwäite Maart fir innovativ Entreprise-Léisungen. D’Zentral vu VMware ass zu Palo Alto am kalifornesche Silicon Valley.

Produktprofil

VMware erméiglecht Iech d’Virtualiséierung von Äerer IT-Infrastruktur duerch d’Virtualiséierung vun de Computer-, Späicher- an Netzwierk-Ressourcen souwéi duerch hir zentraliséiert Verwaltung. Esou hunn Entreprisen vun alle Gréissten mat de Virtualiséierungsléisunge vu VMware d’Méiglechkeet, hir IT ze verschlanken an d’Gestioun ze vereinfachen. Am Hibléck op Prozesser an zukünfteg Geschäftsentwécklungen kann d’IT flexibel an am héiche Mooss disponibel gemaach ginn, egal, ob op externen oder eegene Plattformen.

Lizenzéierungsmodeller

Mam Volume Purchasing Program bidd VMware Iech eng eenheetlech,  kumulatives Rabattoffer. De Modell enthält Remisen no engem echelonnéierte Punktesystem, z.B. Lizenséierung no der Unzuel vu

  • Operating System Instance (OSI)
  • Prozessor
  • Portable Licensing Unit (PLU)
  • Virtuell Maschinn (VM)
  • App
  • Benotzer
  • Desktop
  • Apparat

Mir si VMware Advanced Partner.

News