Lansweeper entwéckelt Uwendungssoftware. D’Firma bitt eng Sécherheetsplattform déi IP Range Scannen, Netzwierk an IT Asset Management, Lizenz Konformitéits Audits a automatiséiert Software Deployment Léisungen ubitt.
Méi ewéi 10.000.000 Assets pro Dag ginn mat Lansweeper weltwäit gescannt.
Software-Inventaire
Mat Lansweeper ass et einfach, Äer gesamt installéiert Software ze erfaassen an ze préifen. Dir kënnt explizit Rapporten opstellen, fir erauszefannen, wat fir eng Applikatioun op wat fir engem Computer installéiert ass. Dir kënnt Recherchen iwwer onbekannt Software a Produzenten direkt vun der Web-Interface aus maachen a feststellen, wee Software benotzt, déi net up-to-date ass.
IT Asset Management
D’Asset-Management-Funktionalitéite vu Lansweeper liwweren Iech een direkten Iwwerbléck iwwert déi gesamt Hardware an Äerem Netzwierk. Dir kënnt déi Assets erfaassen, déi zurzäit benotzt ginn, souwéi alles, wat op Lager ass an – wann Dir wëllt – alles, wat jeemols an Äerem Netzwierk aktiv war. Dir kënnt Äeren Assets manuell Bezeechnungen zouuerdnen (z.B. “Lager” oder “zur Reparatur”) oder d’Database-Cleanup-Optiounen notzen, fir nëmmen aktuell Hardware unzeweisen.
Software-Lizenz-Compliance
Wann Dir alle Äer Lizenzen vu Software a Betribssystemer up-to-date hale wëllt, kann dëst eng Aufgab sinn, déi vill Zäit brauch. Mat Lansweeper Computer Inventory ass dat net esou: de Web-Interface seet Iech, wéi vill Software-Versiounen installiert sinn a wéi vill Lizenzen Iech feelen.
Active Directory Integration
Lansweeper sammelt all Active-Directory-Uwender a -Computeren fir all Äer Geräter. Dir kënnt Rapporten op Basis von OUs opstellen, Uwender-Biller intégréieren, Äeren Active Directory berengegen asw.
Netzwierk-Inventaire
Lansweeper kann net nëmmen all Hardware-Geräter an Äere Computere fannen, mee mat séngem Change-Tracking och erausfannen, wéini ee Gerät gewiesselt oder ewechgeholl gouf. Lansweeper scannt d’Windows-Geräter a sammelt aus dem Network Discovery Scan d’Detailer vun allen aneren IP-fähegen Geräter an Äerem Netzwierk (z.B. Linux, Drocker, Router).
CMDB ITIL Configuration Database
D’CMDB-Optioune vu Lansweeper maachen Iech et méiglech, Assets ze scannen a manuell Assets zur Web-Konsole bäizesetzen. Notzt den New-Asset-Button, fir Assets ze erstellen oder si aus enger CSV-Datei ze importéieren. Uschléißend kënnt Dir Äer Assets gruppéieren, se op ee Plang setzen, se mat aaneren Assets oder Uwenderen verbannen a villes méi.
Asset Compliance Reporting
All Entreprise brauch Richtlinnen, fir ze garantéieren, dass hirt Netzwierk ouni Problem funktionéiert. Compliance Reporting an den Dashboard kënnen Iech hëllefen, all Zorte vun Asset-Management-Rapporten opzestellen; Ween huet net déi neiste Versioun vum Virus-Scanner installéiert? Weem feelt nach deen neiste Patch vun eiser ERP-Léisung? D’Méiglechkeete sinn sou gutt wéi onbegrenzt.
Eventlog Inventory an Alert Reporting
D’Feelermeldunge vun alle Windows-Computere ginn am Eventlog gespäichert. Mat Lansweeper kënnt Dir elo all dës Feelermeldunge konsolidéieren an eng Warnung per e-Mail kréien, soubal ee wichtege Feeler geschitt.
Gegrënnt am Joer 2004, huet Lansweeper SA säi Sëtz zu Grembergen, Flande, Belsch.
Méi Informatioune fannt Dir ënnert www.lansweeper.com.
Wann Dir Intressi drun hutt, eng Testversioun erofzelueden: https://content.lansweeper.com/schneider/
Wann Dir Lansweeper-Software iwwer SCHNEIDER IT MANAGEMENT bezéie wëllt, kennt Dir eis gäeren fir eng Offer kontaktéieren.