Managed SAM Services

All Software. All geréiert.

Loosst d’Experten sech ëm alles këmmeren. Bleift produktiv, iwwerdeems mir fir Ären individuellen, perfekte Software-Portefeuille suergen.

Firwat Managed Services d'Léisung sinn

Séchert Iech groussarteg Resultater. Séier.

Organisatiounen mat engem net optiméierte Software-Portfolio verléieren all Dag vill Suen a vill Zäit.

Duerfir bannt Software-Licensing-Expertën an, déi Äre Portfolio fir Iech géréieren. Dir gitt méi effizient, spuert vill Suen an Zäit a kritt Kontroll an Transparenz.

Ons Managed SAM Services sinn een all-inclusive Service-Package, dee vun etabléierten Software-Licensing-Expertë ausgefouert gëtt an deen Iech bannent 3 Méint konkret Resultater bréngt.

Wéi mir Iech hëllefen

Ee bewährten Usaz. An alle Beräicher.

Onse bewährte Managed SAM Services verbënnt organisatoresch, technologesch a kontraktuell Aspekter an engem integréiérten Usaz:

Profitéiert vun deene beschte Lizenséierungskonditiounen.

D’Ubidder behaapten, dass Online Services d‘Lizenséierung vereinfachen – mir gesinn de Contraire. Hybrid Lizenséierungsszenarien erfuerderen een nach méi intensivt Lizenséierungswëssen. Mat onse Managed SAM Services kënnt Dir Iech jidderzäit op d’Wësse vun onsen Expertën, den héichqualifizéierte Licensing and SAM Consultants, verloossen.

Maacht Är IT besser.

Mir definéiere Rollen a Verantwortlechkeeten, fir Är Aarbechtsbelaaschtung ze reduzéieren. Mir stelle sécher, dass Dir iwwer Direktiven a Prozedure verfügt, fir Är Online-Déngschter an Är Software ze verwalten. Parallel dozou iwwerpréife mir Är Prozesser, fir Optiméierungspotenzialer opzedecken an Är Effizienz ze steigeren.

Séchert Iech Abléck. Gewannt Wëssen derbäi.

Am Reporting verknäppe mir ee grousse Bestand un héichwäertegen Donneeën an entwéckelen d’Rapporten fir déi verschidden Zilgruppen an Ärer Entreprise. Mir liwweren Iech Rapporten, Analysen a fondéiert Recommandatiounen. Doriwwer eraus gi mir Iech d’Méiglechkeet, d‘Self-Service-Funktionalitéiten ze benotzen. Iwwer ons performant Dashboards kritt Dir genee déi Informatiounen, déi Dir braucht.

Verstitt a kontrolléiert Ären Environnement.

Et geet ons bei der Datenerfaassung net nëmmen ëm Softwareerkennung a Lizenzmanagement. Bei On-Premises-Software besteet fir Entreprisen ee relativ héije Risiko, ënnerlizenséiert ze sinn. Mat der Aféierung vun Online Services a browserbaséierten Uwendunge musst Dir déi effektiv Notzung kontrolléieren an iwwerwaachen, fir eng Iwwerlizenséierung ze vermeiden. Eng entspriechend Plattform mat enger zentraler Datebank ass onerlässlich.

D‘Häerzstéck vun onsen Managed SAM Services ass den USU License Management (SmartTrack) als Är Dateplattform, bereetgestallt vun onsem bewährte Partner USU Technologies, fréier bekannt als Aspera.

Ermëttelen a verfollegen.

Erstellt eng Bestandsopnahm vun alle Softwarelizenzen an Ärer Entreprise. Erkennt Verännerunge mat Zäit an optiméiert Äre Portefeuille.

Verbannt Iech mat all Datequell.

Verschaaft Iech ee kloren Iwwerbléck iwwer all Är Software-Fournisseuren, andeems Dir all Datequellen mat engem Dashboard verbannt.

Geréiert Är Notzungsrechter.

Verstitt Är Software-Kontrakter mat deenen ënnerschiddleche Fournisseuren an hir finanziell Auswierkungen.

Beherscht d'Anhaale vu Virschrëften.

Kennt Är Compliance-Positioun a verfollegt Är Risken mat integréierte Rapporten.

Spuert vill Suen.

Geréiert Är Cloud-Notzung, fir ongenotzte Lizenzen ze vermeiden a Méiglechkeeten ze fanne, fir Käschten ze spueren.

Är Avantagen

Maacht dat Bescht aus Ärem Software-Portefeuille.

Duerch ons jorelaang Erfahrung am IT-Management profitéiert Dir vun onsem immens grousse Fachwëssen am Beräich Lizenséierung a Software Asset Management. Wann Dir Iech fir ons Managed SAM Services entscheed, entscheed Dir Iech fir Äre komplette Package mat dëse Virdeeler:

Spuert Är Zäit.

  • Evitéiert den Opbau vun interne Ressourcen a Lizenz-Know-how. Wann Dir Är SAM-Theme sécher an ons Hänn leet, hutt Dir d’Zäit an de Fräiraum, Iech op Äert Haaptgeschäft ze konzentréieren.
  • Profitéiert vun onsem ëmmer aktuellen Expertswëssen, fir dass Dir net selwer Zäit investéiere musst, fir ëmmer um neieste Stand ze bleiwen.
  • Notzt ons direkt disponibel Managed SAM Services, fir Ärt SAM un d’Laafen ze kréien, ouni wertvoll Zäit ze verléieren.
  • Verloosst Iech op ons Managed SAM Services, fir dass Dir net – wéi bei engem projektbaséierten Usaz – ëmmer erëm vu vir ufänke musst.
  • Maximéiert Är IT-Reaktiounsfähegkeet an d‘Produktivitéit vun den Endbenotzer duerch kloer Rollen a Verantwortlechkeete mat optiméierten Direktiven, Prozeduren a Prozesser.

Spuert Är Suen.

  • Profitéiert vun All-Inclusive Managed Services mat Hosting a Maintenance vun der Dateplattform a plangbarer Budgetéierung.
  • Vermeid zäitintensiv Aarbechten a spuert Suen, andeem Dir Är Mataarbechter méi effizient an hiren Haaptaufgabe maacht.
  • Erkennt ongenotzte Software an Online-Déngschter a reduzéiert doduerch Är Software-Ausgaben.
  • Optiméiert Äre Lizenzportefeuille, erméiglecht d’Nei-Affectatioun vu Lizenzen an vermeid doduerch zousätzlech Ausgaben.
  • Entdeckt mat onser Analys, déi all Produzenten berücksichtegt, redundant Déngschter vu verschiddenen Ubidder.

Gewannt Transparenz a Kontroll.

  • Gewannt voll Transparenz a Kontroll durch kontinuéierlech Validéierung vun Äre Bestänn an Entitlements vun all Äre Software-Ubidder.
  • Profitéiert vun enger zolitter Basis fir operativ a strategesch Entscheedungen opgrond vu validen Donneeën, performante Rapporten an Dashboards. Är Budgetéierung an Äre Controlling ginn einfach.
  • Begrenzt Äre rechtleche Risiko bei der Notzung vu Software an Online Services a kuckt deem nächsten Audit geloossen entgéint.

Webinar

Elo kucken.

Contact

Maacht dat Bescht aus Ärem Software-Portefeuille.

Kontaktéiert ons!

Prett fir deen nächste Schrëtt?