Altova

Altova ass eng Software-Firma, déi op Tools spezialiséiert ass, fir Entwéckler beim Data-Management, bei der Entwécklung vun Software an Applikatiounen, bei der mobiler Entwécklung a bei der Daten-Integratioun ze ënnerstëtzen.

Fir technesch Benotzer bitt Altova eng komplett Linn vun Desktop Developer Software fir XML, JSON, SQL an UML; High-Performance Workflow Automatiséierungsserver-Produkter; an e plattformiwwergräifenden Entwécklungskader fir mobil an Enterprise-Applikatiounen.

Fir geschäftlech Uwender bitt Altova en eenzegaartege Set vu Cloud-baséierten SaaS Léisungen, déi et einfach maachen, komplex legal, finanziell a reglementaresch Rapport- a Gestiounsufuerderungen ze erfëllen.

Als Hiersteller vun XMLSpy®, MapForce® an anere präisgekréinte Produkter huet Altova eng Schlësselfunktioun an der Branche vun de Software Tools an ass de Leader an der Entwécklung vun XML- a JSON Tools. Mat iwwer 5,4 Millioune Benotzer weltwäit, dorënner 91% vun de Fortune 500 Organisatiounen, zervéiert  Altova Clienten vu klengen a mëttelgrousse Betriber bis hin zu de weltgréissten Organisatiounen.

Altova ass een active Member vum World Wide Web Consortium (W3C) a vum Object Management Group (OMG) an engagéiert sech fir d’Liwwerung vu standard-baséierten, plattform-onofhängegen Entwéckler-Tools, déi dem Client et erméiglechen, Informatiouns-Ressourcen ze schafen, se zougänglech ze maachen, ze beaarbechten an ze transforméieren. Altova stellt sécher, dass d’Produkter leeschtungsfäeg a bezuelbar souwéi an alldeegleche Situatiounen a Zenarien einfach unzewende sinn. Méi Informatioune fannt Dir op der Säit www.altova.com.

Wann Dir Altova-Software iwwer SCHNEIDER IT MANAGEMENT bezéie wëllt, kennt Dir eis gäre fir eng Offer kontaktéieren.